Louis de Froment
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Louis de Froment, gebuer de 5. Dezember 1921 zu Toulouse a gestuerwen den 19. August 1994 zu Cannes Frankräich, war e franséische Museker an Dirigent.
Seng musekalesch Studien huet hien um Conservatoire zu Toulouse ugefang an huet dunn um CNSM zu Paräis beim Louis Fourestier, Eugène Bigot an André Cluytens weiderstudéiert, wou en 1948 en éischte Präis fir d'Directioun vun engem Orchester kritt huet. Hie war musekaleschen Direkter vun de Casinoën vu Cannes, Deauville a Vichy. Duerno gouf hie permanenten Dirigent vum Chambersorchester vum Nicer Radio.
Besonnesch bekannt gouf hien als Dirigent vum Symphoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg. Hie war de Nofolger vum Henri Pensis an de Virgänger vum Leopold Hager.