Le dîner de cons
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Le dîner de cons |
Produktiounsland: | Frankräich |
Produktiounsjoer: | 1998 |
Dauer: | 87 Minutten |
Originalsprooch: | Franséisch |
Equipe | |
Regie: | Francis Veber |
Dréibuch: | Francis Veber |
Kamera: | Luciano Tivoli |
Musek: | Vladimir Cosma |
Produzent: | Alain Poiré |
Haaptacteuren | |
Jacques Villeret als François Pignon Thierry Lhermitte als Pierre Brochant Francis Huster als Juste Leblanc Daniel Prévost als Lucien Cheval Catherine Frot als Marlène Sasseur |
Le dîner de cons ass e Film vum Francis Veber aus dem Joer 1998.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film ?
All Mëttwochs organiséieren de Pierre Brochant, e Paräisser Editeur, a seng Frënn e sougegannten Dîner de cons. Hei geet et drëms, e Con, also op gutt Lëtzebuergesch en Topert matzebréngen, deen dann sougesinn zum Topert vum Owend gekréint gëtt. E Frënd vum Pierre huet am Zuch e Weltmeeschter kennegeléiert: de François Pignon, dee beim Finanzministär schafft, an a senger Fräizäit mat Fixspéin Gebaier baut. Mee de Brochant rappt sech eng beim Golf a muss noutgedrongen doheem bleiwen, mee et ass schon ze spéit fir dem Pignon ofzesoen. Trotz all de Beméiunge gëtt de Brochant de Pignon net lass, an dee bréngt et fäerdeg bannend engem Owend dem Brochant säi Bestiednis op eng haart Prouf ze stellen, an him d'Steierinspektioun op de Bockel ze hetzen ... .
[Änneren] Triviales
- De Personnage vum François Pignon ass en heefege Charakter am Francis Veber senge Wierker. Bekannte François Pignonen sinn de Jacques Brel am L'Emmerdeur, de Pierre Richard an de Filmer Les Compères an Les Fugitifs, souwéi den Daniel Auteuil am Le Placard.
[Änneren] Zitater
- - Pierre Brochant: Il s'appelle Juste Leblanc
- François Pignon: Ah bon, il n'a pas de prénom ?
- Pierre Brochant: Je viens de vous le dire : Juste Leblanc. "Leblanc", c'est son nom, et c'est "Juste" son prénom.
- François Pignon: ...
- Pierre Brochant: Monsieur Pignon ? Votre prénom à vous, c'est François, c'est juste ?
- François Pignon: Oui
- Pierre Brochant: Et bien lui, c'est pareil. C'est Juste !
- - Juste Leblanc: Un con qui ramène en moins d'une heure ta femme à l'adultère et toi au contrôle fiscal.
[Änneren] Gielercher
- César 1999: Jacques Villeret fir de beschte Schauspiller.
- César 1999: Beschte Schauspiller an enger Nieweroll fir den Daniel Prévost.
- César 1999: Bescht Dréibuch fir de Francis Veber.