Juliette Faber
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Juliette Faber ass eng franséisch Schauspillerin mat Lëtzebuerger Origine, si ass gebuer den 19. Mäerz 1919 zu Gréiwemaacher.
Hire Papp ass dräi Meint virun hirer Gebuert duerch d' Spuenesch Gripp gestuerwen. Am Joer 1923 huet hir Mamm sech erëm bestuet, an dat mat engem franséischen Offizéier. Dräi Joer laang huet si du mat hiren Elteren zu Sainte-Menehould gewunnt , fir duerno op Perpignan ze plënneren.
D'Juliette Faber huet Piano studéiert an duerno huet si Art Dramatique gemeet.
Zu Paräis gëtt si fir den Theater entdeckt a si kritt 1938 hir éischt Filmroll ugebueden. Niewent Theater spillt sie bis 1952 a ville Filmer mat. Duerno ass hier Schaupillercarrière méi roueg verlaaf.
[Änneren] Filmographie
[Änneren] Kino
- La vierge folle (1938) vum Henri Diamant-Berger
- Les jours heureux (1941) vum Jean de Marguenat
- Les inconnus dans la maison (1942) vum Henri Decoin
- Mariage d'amour (1942) vum Henri Decoin
- Picpus (1943) vum Richard Pottier
- Au bonheur des dames (1943) vum André Cayatte
- La tentation de Barbizon (1945) vum Jean Stelli
- L'école buissonnière (1948) vum Jean-Paul Le Chanois
- Le cas du Docteur Gallay (1949) vum Maurice Boutel
- Justice est faite (1950) vum André Cayatte
- Trafic sur les dunes (1951) vum Jean Gourguet
- Le bagnard (1951) vum Willy Rozier
- La vérité sur Bébé Donge (1952) vum Henri Decoin
- Nous sommes tous des assassins (1952) vum André Cayatte
- La foire aux femmes (1955) vum Jean Stelli
- Par-dessus le mur (1959) vum Jean-Paul Le Chanois
- L’ombre d'une chance (1974) vum Jean-Pierre Mocky
- Le chemin perdu (1980) vum Patricia Moraz
[Änneren] Televisioun
- La ligne de démarcation (1973)
- Les îles Nicobar (1974)
- Les anneaux de Bicêtre (1977)
- La foire (1977)
- Histoires de voyous: Les marloupins (1979)
- L'été indien (1980)
- Le bouffon (1981)
- Le curé de Tours (1980)
- L'Amour s'invente (1982)
- L'esprit de famille (1982)
- Un ange passe (1994)
[Änneren] Theater (Auswiel)
- La tête des autres (1952/53) vum Marcel Aymé
- Chéri (1949/50) vum Colette mam Jean Marais
- Un caprice (1948) vum Alfred de Musset
- L'annonce faite à Marie ( 1941) vum Paul Claudel
- Le bal des voleurs (1940) vum Jean Anouilh
[Änneren] Literatur
- Juliette Faber vum Raymond Chirat (1995) (Cinémathèque Municipale, Ville de Luxembourg]] (60 Säiten)