Johann Fischart
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Johann Baptist Friedrich Fischart, genannt Mentzer (dat heescht: "dee vu Mainz"), wéinst den Originne vu sengem Papp, gebuer 1546 oder Ufanks 1547 zu Stroossbuerg, a gestuerwen 1590 zu Forbach bei Saarbrécken.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De Johann Fischart war dat eelste vun de sechs Kanner vum Gewierzhändler Hans Fischer. Tëscht 1553 an 1563 geet de jonke Fischart zu Stossbuerg an de Lycée. Nom Doud vu sengem Papp (ëm 1561) geet en op Worms an d' Latäischoul. Vun de Mëtt 60er Joren un, mécht de Fischart eng etlech Bildungs- a Studiereesen, déi hien uechter Holland, Frankräich, England an Italie féiert. Zu Siena mécht e seng Droit-Etüden.
Zënter 1567 nennt den Johann Fischer sech Fischaert oder Fischart. Ier hie mat Schreiwen ufänkt, mécht en 1568 zu Stroossbuerg säi Magister.
[Änneren] Säi Wierk
[Änneren] Editiounen
- Sämmtliche Dichtungen, erausginn 1866/67 vum Heinrich Kurz a véier Bänn zu Leizig beim J.J. Weber