See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Grand-Place (Bréissel) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Grand-Place (Bréissel)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Verschidden Zonfthaiser
Verschidden Zonfthaiser

D'Bréisseler Grand-Place, op hollännesch Grote Markt, ass d'historesch Zentralplaz vu Bréissel. Si ass eenheetlech am flämesche Barock gebaut a steet zënter 1998 op der Unesco­lëscht vun der Weltkulturierfschaft.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

D'Grand-Place ass déi gréisste Plaz vum mëttelalterleche Bréissel. Do steet d'Stadhaus, an do gëtt zënter Joerhonnerten regelméisseg e Maart ofgehalen.

1523 goufen hei déi éischt Protestanten, den Henri Voes an den Jean Van Eschen duerch d'spuenesch Inquisitioun verbrannt. An och d'Grofen Egmont an Horne, déi den Opstand géint de Felipe II. vu Spuenien geleet hunn, goufe 1568 hei gekäppt.

Den 13. August 1695 goufen déi meescht Haiser op der Plaz, vun deenen der vill aus Holz waren, zerstéiert, nodeems déi franséisch Arméi ënnert dem Maréchal de Villeroy d'Stad bombardéiert (an dann eruewert) hat. Just den Tuerm vum Stadhaus (deen eng gutt Zilscheif fir Kanoune war) a soss e puer Maueren aus Stee blouwe stoen. D'Haiser ronderem d'Plaz goufen awer all bannent e puer Joer, des Kéier aus Steen, vun den Zënften neess opgebaut, déi an engems dervu profitéiert hunn, domatter hirem Räichtum an hirer Muecht Ausdrock ze ginn. Am alen Zonfthaus vun de Brauer ass hautesdaags e Brauereimusée.

D'Stadhaus
D'Stadhaus

[Änneren] D'Stadhaus

D'Stadhaus gouf tëschent 1402 a 1455 am spéitgotesche Stil gebaut. Den Tuerm, dee vum Architekt Jan Van Ruysbroeck ass, huet op senger Spëtzt eng Statu vum Hellege Méchel, dem Patréiner vu Bréissel, wéi e géint den Draach gewënnt.

Maison du Roi/Brodhuis
Maison du Roi/Brodhuis

[Änneren] Maison du Roi/Brodhuis

D'Maison du Roi war zënter dem 12. Joerhonnert en hëlzent Haus, an deem Brout verkaf gouf (dofir säin hollänneschen Numm). Am 15. Joerhonnert gouf et duerch en Haus aus Steen ersat, wouranner d'Verwaltung vum Herzogtum Brabant hire Sëtz hat. 1873 gouf d'Haus am neogotesche Stil renovéiert. Haut ass do e Musée dran, an deem ë.a. dem Manneke Pis seng honnerte vu Kostümen ausgestallt sinn.

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -