See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Géisdrefer Antimongrouf - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Géisdrefer Antimongrouf

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

An der Antimonsgrouf vu Géisdref gouf, wéi den Numm et seet, bis kuerz virum Zweete Weltkrich d'chemescht Element Antimon erausgeholl.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Antimonäerz aus der Géisdrefer Grouf
Antimonäerz aus der Géisdrefer Grouf

Schonn an der Réimerzäit gouf zu Géisdref no Antimon gesicht. Déi éischt dokumentéiert Konzessioun ass 1354 vum Wenzel I. un d'Häre vun Esch am Lach vergi ginn. Joerhonnertelaang ass d'Grouf vu verschiddene Konzessionären exploitéiert ginn, déi och alt gehofft hunn, do Sëlwer ze fannen. Déi zweet Hallschecht vum 18. Joerhonnert louch d'Grouf stëll.

1827 huet d' Société du Luxembourg d'Konzessioun iwwerholl, si wollt vum Bau vum Meuse-Musel-Kanal profitéieren, fir d'Metall mam Schëff ewech ze transportéieren. Mee d'Belsch Revolutioun huet e Stréch duerch dëse Projet gemaach. D'schlecht Transportweeër waren och de Grond, virwat och dee Konzessionär, deen dono koum, kee Benefice kunnt maachen an 1854 opginn huet, an dat, obwuel an zwee Joer 67 Tonne Réiäerz vun éischter Qualitéit an 30 Tonne vun zweeter Qualitéit erausgeholl goufen. Vun 1858 - 1864 hunn nëmme méi nach 4 Leit an der Grouf geschafft, mee och dat huet se net rentabel gemaach. Och déi Joerzéngten dono, wou no an no besser Stroosse gebaut goufen, hunn de Rentabilitéitsproblem net léise kënnen.

1935 gouf zwar e Block Antimonäerz vun 52 kg fonnt, dee bis dohinner gréisste vun der Welt, mee 1938 ass d'Grouf definitiv zougemaach ginn. Eng Analys vum Geolog Michel Lucius huet 1948 hir Onwirtschaftlechkeet ee fir alle Mol confirméiert.

1913 sinn zwéin Abrech an der Entwässerungsgalerie geschitt, déi Astierztriichteren an der Landschaft hannerlooss hunn. Och haut nach sinn esou Astierz nach zu all Ament méiglech, déi d'Pläng fir d'Grouf deelweis dem Public nees zougänglech ze maachen erschwéieren.

[Änneren] Liewensraum Grouf

Al Groufen zeechne sech mat hirer totaler Däischtert, konstanten Temperature tëscht 8 an 12°C an enger héijer Loftfiichtegkeet als e gärgesinnene Liewensraum fir eng Rei vu raren Déieren, wéi beispillsweis de Fliedermais, aus. D'Grousst Mausouer (Myotis myotis), d'Baartflëntermaus (Myotis mystacinus), d'Waasserflëntermaus (Myotis daubentoni) an d'Laangouer (Plecotus auritus) siche regelmäisseg Géisdrefer Minne während fënnef Méint am Joer op fir hire Wanterschlof ze halen. De Salamander (Salamandra salamandra), deen am Éislek nach heefeg ass, benotzt och d'Minn als Iwwerwanterungsquartéier.

Panneau vum Léierpad
Panneau vum Léierpad

[Änneren] Léierpad

Ronderëm d'Antimongrouf ass e Léierpad vun 2,5 km mam Thema Op der Spur vum Antimon amenagéiert ginn. De Wee féiert vum Géisdrefer Kulturzentrum iwwert de Plateau mat sengem Panoramabléck laanscht déi al Schmëdd an dem ale Groufenagank de Bierg erof zu der Entwässerungsgalerie nees zréck op Géisdref. Ënnerwee vermëttelen eng siwe Statioune mat informative Panneauen Interessantes iwwer d'Landschaft an den Ofbau vum Antimonäerz. Fir eenzel Aspekter ze verdäitlechen ass de Gebrauch vun engem Kompass virgesinn.

[Änneren] Referenzen

  • Brochure: Op der Spur vum Antimon. Goesdorf und seine Antimongrube - Geologischer Entdeckungs- und Orientierungspfad/Goesdorf et sa mine d'antimoine - Sentier géologique, de découverte de d'orientation. Gemeng Géisdref, Tourismusministère an EU-Fonds FEDER.
  • Antimonmine

[Änneren] Kuckt och


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -