Fort-La-Latte
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Fort-La-Latte , fréier och Roche-Gouyon genannt ass eng Buerg an der Bretagne am Frankräich. Si läit vis-à-vis vum Cap Fréhel am Département Côtes-d'Armor. Fort-La-Latte ass eng vun de bekannteste Buergen an der Bretagne
[Änneren] Geschicht
D’Buerg Roche-Gouyon ass am 14. Joerhonnert vum Étienne III Gouyon gebaut ginn..
[Änneren] Filmer
D’Buerg läit esou flott um Mier, dat se eng wonnerbar Kulisse fir Filmer ass. Hei e puer Filmer déi um Fort-la-Latte gedréint si ginn.:
- The Vikings 1957 vum Richard Fleischer mam Kirk Douglas a Janet Leigh.
- Histoires extraordinaires 1967, de Sketch Metzengerstein, vum Roger Vadim mat der Jane Fonda an dem Peter Fonda
- Lancelot du Lac, 1970 (TV) vum Claude Santelli mat der Marie-Christine Barrault
- La danse de mort, 1983 (TV) vum Claude Chabrol mam Michel Bouquet
- Chouans , 1987 vum Philippe de Broca mam Philippe Noiret an der Sophie Marceau
- Le jeu du roi, 1988 (TV) vum Marc Evans mam Pierre Dux
- Ridicule, 1996 vum Patrice Leconte mam Jean Rochefort an der Fanny Ardant
- Il cuore e la spada ,1998 vum Fabrizio Costa mam Joachim Fuchsberger