Dominique Pire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Réverend Père Dominique Pire (Georges Charles Clement Ghislain Pire), gebuer zu Dinant den 10. Februar 1910, a gestuerwen zu Louvain un de Folge vun engem chirurgeschen Agrëff den 30. Januar 1969, war e belschen Theolog, Paschtouer an Dominikaner-Pater.
No senge Studien am klassesche Kolléisch Notre-Dame de Bellevue zu Dinant mécht den Dominique ee Joer Philosophie a trëtt duerno de 14. September 1928 an den Dominikaneruerden am Klouschter La Sarthe zu Huy an.
Hie gëtt 1932, fir véier Joer op Roum geschéckt fir datt hie séin Theologiestudium konnt maachen an deem hien och een Doktertitel gemaach huet. De 14. Juli 1934 gëtt hien zu Roum zum Geeschtleche geweit, a fiert duerno bis 1936 mat sengem Studium weider.
Wéi hien dunn zréck an der Belsch war, huet en nach ee Joer Sozial- a Politesch Wëssenschaften zu Louvain studéiert. Duerno hält hien 10 Joer laang Philosophie- a Soziologiecoursen am Klouschter La Sarthe.
Hien ass och un de verschiddenste Sozialproblemer intresséiert, an 1938 grënnt hien de Service d'Entr'aide Familiale fir deenen äermste Famillen aus der Géigend vu Huy ze hëllefen.
Am Zweete Weltkrich war hien Aumônier vun der Armée secrète an huet och als Agent fir de Service de Renseignement geschafft, wat him déi hei ënnen opgezielte Giélecher abruecht huet.
Hien huet sech besonnesch betraff gefillt duerch déi dramatesch Situatioun vun de Fl!chtlingen aus dem Zweete Weltkrich, an huet doropshin 1949 d'Organisatioun Aide aux Personnes Déplacées gegrënnt fir deene puer dausend Flüchtlingen déi schlecht dru waren ze hëllefen. Domat ass eng Aktioun am grousse Stil ugelaf; iwwer 18.000 Parrainagen duerch Verschécke vu Bréif an Hëllefspäck goufe réaliséiert. Dernieft goufen 4 Heemer fir eeler Flüchtlingen a 7 Europadierfer (5 an Däitschland, 1 an 'Eisträich an 1 ander Belsch) gegrënnt.
Gläichzäiteg lancéiert en a ganz Europa ee Kräizzuch fir l’Europe du Coeur.Hie versteet dorënner: l’union de toutes les bonnes volontés par-dessus toutes les barrières (nationales, confessionnelles, sociales, linguistiques ou autres) qui divisent habituellement les humains.
Dës Aktioun huet him 1958 de Friddensnobelpräis bruecht, deen hie selwer awer net wéi eng Belounung gesäit mee villméi well säi moralesche Kredit doduerch an d'Lucht gaangen ass, fir hien éischter d'Opfuerderung war fir nach besser weider ze maachen.
Bréiwer aus der ganzer Welt déi him materiell a moralesch Misäre vun allen Zorte virun A gefouert hunn ginn him d'Iddi wéi hie selwer seet: de mettre toutes ces bonnes volontés au service de toutes ces misères. Doropshinn grënnt hien 1959 Le Coeur ouvert sur le Monde.
[Änneren] Auszeechnungen
- De Père Pire krut 1958 de Friddensnobelpräis.
- Fir säin Asaz am Zweete Weltkrich, hie war Aumônier vun der Armée Secrète an Agent vum Service de Renseignements krut hien:
- Croix de Guerre avec Palmes
- Médaille de la Résistance avec glaives entrecroisés
- Médaille de la Guerre 40-45
- Médaille de la Reconnaissance Nationale
- Zu Huy krut d'Bréck vu Ben-Ahin säin Numm Pont Père-Pire.
[Änneren] Fir ze liesen
- Dominique Pire: Bâtir la Paix, an Zesummenaarbecht mam Dokter Charles Dricot, Virwuert vum Professer Robert Oppenheimer, 1966, Bibliothèque Marabout, Verviers