See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Dijle - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Dijle

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D' Dijle bei Sint Joris Weert
D' Dijle bei Sint Joris Weert

D' Dijle (op franséisch Dyle) ass e Floss an der Belsch an de Provënze Wallounesche Brabant, Flämesche Brabant an Antwerpen.

Si huet hir Quell bei Houtain-le-Val an der Gemeng Genappe op enger Héicht vun 145 Meter. Vun der Quell aus leeft se a Richtung Norden, bis op Genappe, wou se dann no Nordosten dréint.

Dës Richtung behällt se bäi bis op Court-Saint-Étienne. Hei kritt se hiren éischte nennenswäerte Niewefloss, d'Thyle, vu riets. Duerno leeft se erëm no Norden laanscht Ottignies a Wavre bis op Archennes, wou vu riets den Train draleeft.

Vun hei aus mécht se op enger Streck vu ronn dräi Kilometer Grenz tëscht dem wallouneschen an dem flämesche Brabant éiert se definitif a Flandern weiderleeft.

Am flachen Dall bis op Louvain geet et mat vill Gekréngels weider, bis an d'Stad eran wou se eng Partie vum Waasser ofgezaapt kritt fir de Kanal Louvain-Dijle ze fëllen.

Vu Louvain leeft de weider no Norden, bis op Werchter wou vu riets den Demer draleeft. Tëscht Wechter a Mechelen leeft nach vu riets de Raambeek a vu lénks de Weesbeek dran.

Kuerz nodeems se queesch duerch Mechelen gelaaf ass, kënnt op der Plaz wou se och Uschloss un hire Säitekanal huet, vu lénks d' Zenne dragelaf. Vun hei aus ass se och schëffbar.

No 1.200 Meter bei Rumst leeft se da mat der Nete zesummenen. Déi zwéi Flëss verléieren nom Zesummelaf hiren Numm fir ënner dem Numm Rupel weider an den Escaut ze lafen.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -