Cominotto
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Cominotto (op malt. Kemmunett) ass eng onbewunnten Insel vun der Republik Malta.
D'Insel huet eng Fläch vun 0,25 km², besteet just aus engem Fiels a läit un der Westküst vu Comino op engem Ofstand vun 100 m.
D'Mëttelmier tëscht den zwou Inselen ass nëmmen e puer Zentimeter déif an huet eng Sandplage. Bei Sonn fierwt sech d'Waasser strahlend blo bis turquoise. D'Malteser nennen dës Ondéift wéinst der intensiver Verfierwung och d'Blo Lagun. Virun allem an de Summerméint ass d'Insel e beléift Zil fir Ausflig fir vill Malteser.