Coma Berenices (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Coma Berenices | |
---|---|
Lëtzebuergesche Numm | Hoer vun der Berenike |
Laténgesche Numm | Coma Berenices |
Laténgesche Genitiv | Comae Berenices |
Laténgesch Ofkierzung | Com |
Positioun | Himmelsäquator |
Rektaszensioun | 11h 55m bis 13h 35m |
Deklinatioun | +14° bis +34° |
Fläch | 386 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 56° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Fréijoer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
Diadem (α Com) 4,3m |
Meteorstréim | Coma-Bereniciden |
Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Canis Venatici Ursa Major Leo Virgo Bootes |
D'Coma Berenices (Hoer vun der Berenike) ass e Stärebild an der Ëmgéigend vum Himmelsäquator.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
D’Coma Berenices ass en onopfällegt Stärebild um Fréijoershimmel tëschent de markanten Konstellatiounen Leo an Bootes. Et erschéngt wéi eng Usammlung vu liichtschwaache Stäre. Nëmmen zwee Stären hunn eng schäinbar Hellegkeet déi knapp iwwer 4 mag. läien.
Vill vun de Stäre gehéieren zum Coma-Stärekoup. De Melotte 111 läit 260 Liichtjoer wäit ewech an ass en Oppene Stärekoup .
A Richtung Hoer vun der Berenike läit de galaktesche Nordpol vun eiser Mëllechstrooss. Well an dëser Bléckrichtung sou gutt wéi keing Gas- a Stëbswolleken vun der Mëllechstrooss d’Siicht behënnert, kënne vill wäit Galaxien gesi ginn. De sougenannten Coma-Galaxiekoup ass e risegen Galaxiekoup op enger Distanz vun 450 Millioune Liichtjoer. Seng ronn 1000 Galaxien erreechen um Stärenhimmel eng Gréisst vun iwwer 6 Grad.
Am südlechen Deel befannen sech e puer hell Eenzelgalaxien op enger Distanz vun 20 bis 40 Millioune Liichtjoer, souwéi Memberen vum groussen Virgo-Galaxiekoup deen 65 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass.
[Änneren] Geschicht
An der antiker griichescher Mythologie war d’Coma Berenices keen eegent Stärebild. Dës Stären goufen fréier dem Stärebild Léiw zougerechent. Am Joer 245 v. Chr. soll den Astronom Konon vu Samos d’Stärebild no der deemoleger Pharaonin Berenike II. genannt hunn.
D’Hoer vun der Berenike gëtt a villen astronomeschen Kommentaren vun der Antikitéit. An der Neizäit gouf et éischtmold am Joer 1536 vum Peter Apian op enger Stärekaart notéiert, an 1541 zeechent de Gerhard Mercator et op engem bekannten Himmelsglobus of.
[Änneren] Meteorstroum
Am Stärebild läit de Radiant vun engem schwaachen Meteorstroum, deem sougenannten Coma-Bereniciden. D’Meteore kënnen vun der Mëtt Dezember bis Mëtt Januar observéiert ginn.
[Änneren] Himmelsobjete
[Änneren] Stären
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
β | 43 | 4,26m | 27 | G0 V | |
α | 42 | Diadem | 4,3m | 60 | F5 V |
γ | 15 | 4,36m | 250 | K1 III | |
11 | 4,74m | ||||
36 | 4,78m | ||||
σ | 24 | 4,78m | 250 | K2 + A9 | |
41 | 4,80m | ||||
12 | 4,81m | ||||
23 | 4,81m | ||||
37 | 4,90m | ||||
31 | 4,94m | ||||
14 | 4,95m | ||||
16 | 5,00m | ||||
6 | 5,10m | ||||
27 | 5,12m | ||||
13 | 5,18m | ||||
17 | 5,29m | 250 | A0 + A1 | ||
21 | 5,46m | ||||
26 | 5,46m |
Den hellste Stär ass de β Comae Berenices. Et handelt sech ëm ee Stär, dee nëmmen 27 Liichtjoer vun eis ewech ass. Hien huet eng Gréisst an och eng Liichtkraaft wéi eis Sonn.
Den γ Comae Berenices läit 250 Liichtjoer ewech am Coma-Stärekoup.
[Änneren] Duebelstäre
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 5,1m/5,1m | 0,1" |
2 | 5,9m/7,4m | 3,7" |
17 | 5,3m/6,6m | 145" |
24 | 5,0m/6,6m | 20,3" |
32 | 6,3m/6,9m | 196" |
35 | 5,1m/7,2m | 1,1" |
Den zweethellste Stär α Comae Berenices, och den Diadem genannt, ass en Duebelstär op enger Distanz vun 60 Liichtjoer. Déi zwee Stären sinn gläichhell.
Am System 24 Coma Berenices sinn zwee Stären, woubäi deen Haaptstär e Roude Ris ass, an deen aneren e blo-wäisse Begleeder ass.
[Änneren] Verännerlech Stären
Objet | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
FS | 5,3m bis 6,1m | 58 Deeg | hallefregelméisseg Verännerlechen |
R | 7,1m bis 14,6m | 363 Deeg | Mira |
FK | 8,14m bis 8,33m | 2,4 Deeg | FK-Coma-Stär |
Am „Hoer vun der Berenike“ existéieren méi wéi 200 verännerlech Stären.
Den FS Coma Berenices verännert seng Hellegkeet iwwert en Zäitraum vu ronn 58 Deeg.
Den R Coma Berenices ass e verännerlechen vum Typ Mira. Hie verännert seng Hellegkeet ganz staark iwwert en Zäitraum vun 363 Deeg.
Den FK gëtt säi Numm hir fir eng Grupp vu Verännerlechen, den FK-Coma-Stäre. Et handelt sech ëm Stäre, deenen hir Hellegkeetsschwankungen duerch ausgedeenten donkel Flecken un der Uewerfläch verursaacht ginn.
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm | Distanz (Lj) |
---|---|---|---|---|---|---|
Melotte 111 | 4m | Kugelstärekoup | Coma-Stärekoup | 260 | ||
53 | 5024 | 8m | Kugelstärekoup | 60.000 | ||
64 | 4826 | 8m | Galaxis | Black-Eye-Galaxy | 22 Mio. | |
85 | 4382 | 9m | Galaxis | 65 Mio. | ||
88 | 4501 | 9m | Galaxis | 65 Mio. | ||
91 | 4548 | 10m | Galaxis | 65 Mio. | ||
98 | 4192 | 10 | Galaxis | 65 Mio. | ||
99 | 4254 | 10 | Galaxis | 65 Mio. | ||
100 | 4321 | 9,5 | Galaxis | 65 Mio. | ||
4147 | 10 | Kugelstärekoup | ||||
4494 | 10 | Galaxis | 40 Mio. | |||
4559 | 10 | Galaxis | 40 Mio. | |||
4565 | 10 | Galaxis | Needle-Galaxy | |||
4725 | 9,5 | Galaxis | 60 Mio. | |||
5053 | 10 | Kugelstärekoup |
Am Comas Berenices leien e puer Galaxien an Kugelstärekéip. Aacht dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objete (Messier-Katalog) opgeholl.
[Änneren] Objete an der Mëllechstrooss
Melotte 111, de Coma-Stärekoup ass eng geléisten Assoziatioun vu ronn 40 Stären op enger Distanz vun 260 Liichtjoer. Et ass no dem Bierestroum an den Hyaden den drëttnächsten Oppene Stärekoup. De Stärekoup bewegt sech all Joer ëm 0,02 Bousekonnen no Südwest a Richtung vum Stärebild Vela (Schëffsegel).
Den M 53 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 60.000 Liichtjoer. Hie gouf onofhängeg 1775 vum Johann Elert Bode an 1777 vum Charles Messier entdeckt.
De Kugelstärekoup NGC 4147 ass 85.000 Liichtjoer vun eis ewech.
[Änneren] No Galaxien
Den M 64 ass eng Spiralgalaxis op enger Distanz vun 22 Millioune Liichtjoer. Well den Ubléck un en A erënnert, gëtt si am engleschen och „Black-Eye-Galaxy“ genannt. Aktuell Studien weisen, datt d’interstellar Matière an den Aussenberäicher entgéint der Dréirichtung am Bannenberäich rotéiert. Dëst weist dorophin, datt d’Galaxis virun maximal enger Milliard vu Joeren mat op mannst enger anerer Galaxis kollidéiert war.
Den NGC 4494 ass eng elliptesch Galaxis op enger Distanz vun 40 Millioune Liichtjoer.
Den NGC 4565 ass eng sougenannten „Edge-on“-Galaxis, daat heescht, mär gesinn si vun der Säit. Si huet en Duerchmiesser vun 13 Bouminutten. Op Grond vun hirer länglecher Form gëtt si och als als „Needle-Galaxy“ (Nodel-Galaxis) bezeechent.
Den NGC 4725 ass eng Balkespiralgalaxis.
[Änneren] Galaxien vum Virgo-Galaxiekoup
De M 85 ass eng lënsefërmeg Galaxis an een vun de nërdlechste Memberen vum Virgo-Galaxiekoup.
De M 88 ass eng Spiralgalaxis, déi zu der Markarians Galaxieketten gehéiert.
De M 98 ass eng relativ hell an ausgedeenten Spiralgalaxis.
Och de M 100 ass eng Spiralgalaxis. Mat 7 Bouminutren ass si déi gréissten vun allen Galaxien am Virgo-Koup. Hiren Duerchmiesser ass ronn 120.000 Liichtjoer grouss.
[Änneren] Galaxien vum Coma-Galaxiekoup
Am nordëstlechen Deel vum Stärebild ass den Coma-Galaxiekoup. Op Grond vun der riseger Distanz, déi dës Galaxien hunn (450 Millioune Liichtjoer) erreechen si nëmmen Hellegkeeten vun 14 mag.