Charles-Frédéric Mersch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles-Frédéric Mersch, gebuer den 30. Abrëll 1810 a gestuerwen de 25. August 1888 zu Biissen war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Professer.
Nodeems hien e puer Joer Professer fir Chimie a Physik am Kolléisch war, goung hien an Amerika wou en aktiv beim Opbau vu Schmelzen an de Rocky Mountains gehollef huet.
Wéi hien zréck zu Lëtzebuerg war gouf hie Member vum Staatsrot a Regierungscommissaire fir d’Eisebunn.