Canon EOS 400D
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Canon EOS 400D gehéiert zu de Canon EOS Digital-Fotoapparaten. Chronologesch ass et den Nofolleger vum Canon EOS 350D.
[Änneren] Den Numm
De Modell heescht an Nordamerika Canon EOS Digital Rebel XTi an a Japan Canon EOS Kiss Digital X.
[Änneren] De Verglach mam 350D
- Den EOS 400D huet e 10,1-Megapixel-Sensor, an enger Gréisst vun 14,8 op 22,2 Millimeter mat 3888 x 2592 Pixelen.
- Vun der Canon EOS 30D gouf en 9-Punkt Liichtmiessungssystem iwwerholl, den 350D hat der siwen.
- En 2,5 Zoll Moniteur mat 250.000 Pixelen, den 350D hat zwéin Displayen, ee vun 1,8" mat 115.000 Pixelen an en anere fir d'Astellungen unzeweisen.
- E Mechanissem fir beim Ofschalte Stëps vum Sensor erofzerëselen, de sougenannten EOS Integrated Cleaning System.
- En Histogramm fir RGB-Kanäl, deen et erlaabt, d'Faarwe virum Ophuele vun der Foto besser anzeriichten.