Camerata Salzburg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Camerata Salzburg ass e Kammerorchester mat Sëtz zu Salzburg an Éisträich.
D'Camerata ass am Joer 1952 durch de Bernhard Paumgartner ënner dem Numm Camerata Academica des Mozarteums Salzburg gegrënnt ginn. Den Orchester huet sech aus Schüler a Professeren aus der Salzburger Musekhéichschoul Mozarteum zesummegesat.
Nom Dout vum Paumgartner am Joer 1971 huet 1974 den Antonio Janigro d' Direktioun vun der Camerata iwerholl.
Nofolger vum Janigro gouf am Joer 1978 de Violonist a Musekprofesser Sándor Végh . Hien huet d' Camerata bis zu sengem Dout am Joer 1997 geleet. Enner der Leedung vum Végh ass d'Camerata e Begreff an der Musekwelt ginn.
Neie Chefdirigent vun der Camerata ass nom Dout vum Végh de Roger Norrington ginn.
D' Camerata Salzburg huet schonn eng 50 Disken opgeholl.