Cabrio
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Cabrio gëtt en Auto genannt deem säi Karosserieopbau esou gemaach ass, datt een den Daach erop- oder erofklappe kann, oder den Daach an engem Stéck erofhuelen an nees dropsetze kann.
De Begrëff Cabrio ass de Kierzel vu Cabriolet, dee grad esou wéi de Break, den Omnibus, de Phaeton, de Buggy an de Coupé, vun den Autoskonstrukteuren aus dem Kutschebau mat iwwerholl goufen.
Cabrioe ginn am lëtzebuergesche Sproochgebrauch on nach einfach en décapotable genannt, dëst well den duchenen Daach d' Capote konnt erofgeholl ginn.
Dat huet fréier alles misse manuell gemaach ginn. An der Lescht sinn e puer Autosmodeller um Maart déi entweder en haarden Daach aus Metall oder Konschtstoff, oder en duchenen Daach hunn, deen automatesch, oder hallefautomatesch kann an d'Mall versenkt ginn.
Am Fall vum haarden Daach gëtt hautesdaags vun engem Hardtop, an am Fall vun engem duchenen, vun engem Softtop geschwaat.