Audie Murphy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Audie Leon Murphy, gebuer den 20. Juni 1924 an der Géigend vu Kingston an Texas, a gestuerwen den 28. Mee 1971 bei enger Fligerkatastroph zu Roanoke a Virginia war deen am meeschten dekoréierten US-amerikaneschen Zaldot am Zweete Weltkrich, dee méi spéit Filmschauspiller an Dréibuchauteur gouf. Hien huet och Texter fir 14 Lidder geschriwwen, vun deenen der e puer wéi, Shutters and Boards a When the Wind Blows in Chicago e puer Wochen an den Top-Ten vun der amerikanescher Hitparad waren.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Den Zaldot
Den Audie Murphy war op ville Plazen an Europa am Asaz, ënner anerem am Elsass bei Holtzwihr, wou et him gelong war eng däitsch Panzerattack ze stoppen. Hie war am ganze bei 8 Schluechten derbäi, a Sizilien, Italien, Frankräich an Däitschland, a bei den Débarquementer a Sizilien an a Südfrankräich. Den Audie Murphy gouf dräimol blesséiert. De 17. August 1945 gouf hien am Fort Sam Houston am Rang vu Lieutnant démobiliséiert. Trotz sengem Engagement beim Film huet hie sech erëm an der 36. Divisioun (Thirty-six T-Patchers) vun der Texas National Guard engagéiert fir mat an de Koreakrich ze goen. Hei hat hien de Rang vun engem Captain. Hie gouf 1957 an dëser Unitéit mat dem Rang vu Major démobiliséiert, oni datt hien a Korea war, well seng Division net mobiliséiert gouf. Vun 1966 un, bis zu sengem Doud war hien an der United States Army Reserve.
Den Audie Murphy gouf um Nationalkierfecht vun Arlington (Washington D.C.) begruewen. Säi Graf dat an der Sectioun 46 ass huet d'Nummer 366-11, an op sengem Grafstee sinn nëmmen déi puer wichtegst Decoratiounen opgezielt, well de Steen ze kleng war fir se all drop ze schreiwen.
E Musée am Texas dréit säin Numm den Audie Murphy / American Cotton Museum, an all Joers, am Juni gëtt zu Greenville am Texas den Audie Murphy Day gefeiert.
[Änneren] Filmer
Titel vum Film | Joer | Regisseur | Schauspiller |
---|---|---|---|
Texas, Brooklyn and Heaven | 1948 | William Castle | Guy Madison, Lionel Stander |
Beyond Glory | 1948 | John Farrow | Alan Ladd, Donna Reed |
Bad Boy | 1949 | Kurt Neumann | Lloyd Nolan |
Sierra | 1950 | Alfred E. Green | Burl Ives, Dean Jagger |
The Kid from Texas | 1950 | Kurt Neumann | Albert Dekker |
Kansas Raiders | 1950 | Ray Enright | Brian Donlevy, Tony Curtis |
The Red Badge of Courage | 1951 | John Huston | Andy Devine |
The Cimarron Kid | 1952 | Budd Boetticher | James Best, Leif Erickson |
The Duel at Silver Creek | 1952 | Don Siegel | Faith Domergue, Lee Marvin |
Gunsmoke | 1953 | Nathan Juran | Paul Kelly |
Column South | 1953 | Frederick de Cordova | Dennis Weaver, Joan Evans |
Tumbleweed | 1953 | Nathan Juran | Lori Nelson, Chill Wills |
[Änneren] Gielercher
Den Audie Murphy war am ganzen 33 Mol décoréiert ginn. Déi wichtegst Gielercher sinn:
- Medal of Honor for exceptional valor
- Distinguished Service Cross
- Silver Star mat First Oak Leaf Cluster
- Legion of Merit
- Bronze Star Medal mat "V" Device an First Oak Leaf Cluster
- Purple Heart mat Second Oak Leaf Cluster
- U.S. Army Outstanding Civilian Service Medal
- Good Conduct Medal
- Distinguished Unit Emblem mat First Oak Leaf Cluster
- European-African-Middle Eastern Campaign Medal mat engem Silver Star, véier Bronze Service Stars an engem Bronze Arrowhead
- American Campaign Medal
- World War II Victory Medal
- Army of Occupation Medal
- Armed Forces Reserve Medal
- Combat Infantryman Badge
- Expert Badge mat Bayonet Bar
- Marksman Badge mat Rifle Bar
- Croix de guerre (Frankräich)
- Légion d'honneur
- French Liberation Medal
- Croix de guerre (Belsch)
[Änneren] Fir ze liesen
Dem Audie Murphy seng Autobiographie: To Hell and Back, Owl Books, 288 Säiten, déi 1955 vum Jesse Hibbs verfilmt gouf. Am Film spillt de Murphy sech selwer.
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |