See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Atlas of Peculiar Galaxies - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Atlas of Peculiar Galaxies

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D’Antennen-Galaxis (Arp 244)
D’Antennen-Galaxis (Arp 244)

Den Atlas of Peculiar Galaxies, zesummegestallt vum Halton Arp an den 1960er Joeren, enthält Fotoen vun 338 ongewéinleche Galaxien.

Den Arp huet a sengen Aarbechten a Lëschten a bei aneren Astronomen no Galaxië mat ongewéinlecher Struktur gesicht. Wa fir een ausgewielten Objet nach keng gutt Foto do war, dann huet hie mat dem 5 m-Teleskop vum Mount-Palomar-Observatoire ënner gudden Observatiounsbedingungen eng Foto am bloe Spektralberäich opgeholl.

Den Atlas enthält Fotoe vun 338 Objete déi duerchnumeréiert goufen, z.B. Arp 220. Den Arp ënnerdeelt säi Katalog mat ongewéinlechen Galaxien no reng morphologesche Kriterien a nofolgend Gruppen:

  • Spiralgalaxis mat klenger Flächenhellegkeet (1-6)
  • Spiralgalaxis mat gespléckten Äerm (7-12)
  • Spiral-Galaxis mat ofgetrennten Ofschnëtter (13-18)
  • Dräiäermeg Spiralgalaxis (19-21)
  • Eenarmeg Spiralgalaxis (22-24)
  • Spiralgalaxis mat engem opfällegem Arm (25-30)
  • Spiralgalaxis mat der Form vun engem Integralzeechen (31-36)
  • Spiralgalaxis mat engem Begleedeer mat niddreger Flächenhellegkeet op engem Arm (37-48)
  • Spiralgalaxis mat engem klengen Begleeder mat héijer Flächenhellegkeet op engem Arm (49-78)
  • Spiralgalaxis mat engem grousse Begleeder mat héijer Flächenhellegkeet op engem Arm (79-91)
  • Spiralgalaxis mat engem elliptesche Begleeder op engem Arm (92-101)
  • Elliptesch Galaxis mat Verbindung zu Spiralen (102-108)
  • Elliptesch Galaxis déi Spiraläerme ofstéisst (109-112)
  • Elliptesch Galaxis déi no Spiralgalaxis steiert (113-132)
  • Elliptesch Galaxis mat noe Fragmenter (133-136)
  • Elliptesch Galaxis mat ausstréimender Matière (137-145)
  • Galaxis mat assoziéierte Réng (153-160)
  • Galaxis mat Jets (149-152)
  • Gestéiert Galaxis mat banneschter Absorptioun (153-160)
  • Galaxis mat diffuse Filamenter (161-166)
  • Galaxis mat diffuse Géigenäerm (162-172)
  • Galaxis mat schmuele Géigenäerm (173-178)
  • Galaxis mat schmuele Filamenter (179-193)
  • Galaxis mat vum Kär ausgeschleiderter Matière (194-208)
  • Galaxis mat Onregelméissegkeeten, Absorptioun an Opléisung (209-214)
  • Galaxis mat ugrenzende Schläifen (215-280)
  • Galaxis mat amorphe Spiraläerm (221-226)
  • Galaxis mat konzentresche Réng (227-231)
  • Galaxis mat Unzeeche fir Opspaltung (233-256)
  • Galaxis mat onregelméissege Bätz (257-268)
  • Duebelgalaxis mat verbonnenen Äerm (269-274)
  • Wiessselwierkend Duebelgalaxis (275-280)
  • Duebelgalaxis mat Astréimung an Unzéiung (281-286)
  • Galaxis mat Wandeffekter (287-292)
  • Galaxis mat laange Filamenter (294-297)
  • Gruppe vu Galaxien (311-321)
  • Kette vu Galaxien (322-332)

Den Arp-Katalog war Ausgangspunkt vu villen detailléierten Ënnersich vun ongewéinleche a wiessselwierkende Galaxien, och wann spezifesche morphologeschen Astufungen an e puer zugrondleeënden Modellvirstellungen vum Arps haut oft manner Bedeitung bäigemooss gëtt.


[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Literatur

  • Arp, H., Atlas of Peculiar Galaxies, Astrophysical Journal Supplement Series 14, 1 (1966) – Zesummefassend Publikatioun
  • Arp, H., Atlas of Peculiar Galaxies, California Institute of Technology, Pasadena (1966) - Eigentlechen Atlas

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -