Arietiden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bei den Arietiden handelt et sech ëm en Meteorstroum, dee vum 22. Mee bis den 2. Juli aktiv ass. Well sech d’Arietiden nëmmen dagsiwwer iwwert dem Horizont befannen, sinn si mat dem bloussen A netz e gesinn, a kënnen nëmmen mat Hellef vu Radiowellen registréiert ginn.
Wann Meteore an d’Atmosphär antrieden, hannerloossen si kuerz vergänglech ioniséiert Spuren, déi bestëmmte Radiowellen gutt reflektéieren. Beim Asaz vun zweckméissegen Radioquellen kënnen déi vun den Ionisatiounsspuren reflektéiert Signaler mat Hëllef vun Detekteren registréiert ginn.
De Meteorstroum huet säi Radiant am Stärebild Aries (Widder). Säi Mammekierper ass wahrscheinlech den Asteroid 1566 Icarus.