See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Amphitheater (Tréier) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Amphitheater (Tréier)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Dee bereets 100 n. Chr. gebauten Amphitheater zu Tréier net all ze wäit ewech vun de Keeserthermen steet der Gréisst no op der zéngter Plaz vun de bekanntesten Amphitheateren aus réimescher Zäit. Dës prestigiéis Anlag beweist, datt Tréier an der Réimerzäit eng räich Stad war.

Amphitheater zu Tréier
Amphitheater zu Tréier

Duerch déi gënschteg Lag um Fouss vum Petrisberg, konnt den Amphitheater déi natierlech Hanglag fir d'Tribünen notzen an huet vir circa 20.000 Spectateure Plaz gebueden. Aus Steng goufen d'Agäng ënnert de kënstlechen opgeschotten Hiewelen, Agankspaarten a Mauere fir Spectateursreien iwwert der Arena gebaut. An de Mauere befanne sech Ëffnungen zu Raim fir Mënschen an Déieren ënnerzebréngen. Eng Keeserloge a Plaze fir héich Staatsleit waren op der westlecher Halschent ubruecht. D'Arena war zum Deel mat enger Holzkonstruktioun ënnerkellert. Waarscheinlech huet sech hei eng Hiewebühn befonnt.

Bis ufanks vum 5. Joerhonnert gouf deen 1986 zur Weltierfschaft vun der UNESCO erklärten Amphitheater genotzt a war Deel vun der deemoleger Stadsmauer, ier e spéider am Mëttelalter als Steebroch gedéngt huet.

Zënter 2002 gëtt all Joer Brot und Spiele (Brout & Spiller), de gréisste réimesche Festival vun Däitschland, am Amphitheater gehaal an Gladiatorenkämpf nogespillt.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -