Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Aline de Saint-Hubert - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Aline de Saint-Hubert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Aline Mayrisch de Saint-Hubert op engem Käppchen, deen d'Lëtzebuerger Post 1999 zu hiren Éiren erausbruecht huet
D'Aline Mayrisch de Saint-Hubert op engem Käppchen, deen d'Lëtzebuerger Post 1999 zu hiren Éiren erausbruecht huet

D'Aline de Saint-Hubert gebuer den 22. August 1874 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 20. Januar 1947 zu Cabris, a Frankräich war eng lëtzebuergesch Fërderesch vu Konscht a Literatur. Als Fra vum Émile Mayrisch ass si och ënnert dem Numm Aline Mayrisch oder Aline Mayrisch-de Saint-Hubert bekannt.

Der Aline de Saint-Hubert hir Famill kënnt vun Dikrech, an hat en Holzgrousshandel an der Stad. Tëschent 1889 an 1890 ass si Schülerin am Pensionat "Sartorius" zu Bonn. Matt 20 Joer bestued se sech mam Émile Mayrisch. D'Koppel huet 2 Kanner: de Jean, deen als Puppelche stierwt, an d'Andrée (1901-1977).

1895 gëtt d'Aline Mayrisch Membre protectrice vun der belscher satiresch-kritescher Wochenzäischrëft Pan, an 1898 Mataarbechterin vun der Avant-garde-Revue L'Art Moderne vu Bréissel. An deeër Revue verëffentlecht se en Artikel iwwer dem André Gide säi L'immoraliste. 1902 gëtt se Mattaarbechterin vum Jahrbuch für bildende Kunst.

Mee och op sozialem Plang huet d'Aline Mayrisch-de Saint-Hubert sech engagéiert: 1906 huet se mat d'Association pour les Intérêts de la Femme gegrënnt, déi deenen Äermste gehollef huet an de Meedecher eng Schoulbildung erméiglecht huet. Si huet och matgewierkt, dass de Meedecherslycée an der Stad, den haitege Lycée Robert-Schuman, gegrënnt gouf.

Um Enn vum Éischte Weltkrich, an duerno ëmmer méi, huet si zu Kolpech, wouhi se 1920 mat hirem Mann geplënnert ass, ënner dem Numm Cercle de Colpach virun allem däitsch a franséisch Intellektueller empfaangen, wéi de Paul Claudel, de Jean Guéhenno, Jacques Rivière, Karl Jaspers, Bernard Groethuysen, André Gide, Jean Schlumberger, Ernst Robert Curtius, d' Annette Kolb an de Richard Coudenhove-Kalergi . Hiert Haus zu Diddeleng, wou se virdrunn dra gewunnt hunn, hu s'an e Kannerheem (d'Fondatioun Kräizbierg) transforméiere gelooss.

1928 stierft hire Mann stënterlech bei engem Autosaccident zu Châlons-sur-Marne. Am selwechte Joer gëtt d'Aline de Saint-Hubert Vizepresidentin vum Roude Kräiz, an 1933 Presidentin. Si huet och aner gemengnëtzeg Organisatioune matt an d'Liewe geruff, wéi d' Ligue contre la Tuberculose, d' Ligue Anticancéreuse, oder déi éischt Crèche zu Esch-Uelzecht. Och de Bau vun der Maternité an der Stad ass op hiert Wierken hin zeréckzeféieren.

1937 huet se 9 Priedegten an 3 Legende vum Meeschter Eckhart iwwersat.

1939 ass d'Aline de Saint-Hubert op Cabris, a Südfrankräich, geplënnert, wou se 7 Joer méi spéit gestuerwen ass. Hiert Schlass zu Kolpech huet se dem Roude Kräiz, zesumme mat engem Pak Aktien, testamentaresch vermaach. Do ass se am Park, niewent hirem Mann, begruewen.

Am September 2001 huet de Lycée Aline Mayrisch um Campus Geesseknäppchen seng Diere fir d'Schüler opgemaach.

[Änneren] Fir ze liesen

  • Germaine Goetzinger, 2008. Aline Mayrisch-de Saint-Hubert. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 103-108. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Gilbert Trausch, 1999. Le maître des forges Emile Marisch et son épouse Aline. Puissance et influence au service d'une vision. Lëtzebuerg.
  • "Correspondance 1907-1946: Aline Mayrisch - Jean Schlumberger". ISBN 2-87984-036-8
  • "Correspondance 1903-1946: André Gide - Aline Mayrisch". ISBN 2-07-072946-X
  • "Correspondance 1912-1925: Aline Mayrisch - Jacques Rivière". Centre d'Études gidiennes, 2007.
  • "Korrespondenz 1919-1953: Ernst Robert Curtius - Aline Mayrisch". Universitätsbibliothek Bonn.
  • Christoph Dröge: "Die unsichtbare Autorin." (Aline Mayrischs Beiträge in der NRF - B.n.L.)
  • Tony Bourg: "Recherches et Conférences."
  • Hand-Out: Cathérine Gravet, Colloque de Colpach, 2007.
  • Cathérine Gravet: "D'un portrait graphologique", BAAG n°155, Juli 2007, (sur Hélène Legros et la graphologie).
  • Cahiers André Gide 19. Correspondance avec Marc Allégret, erausgin a kommentéiert vum Masson Pierre et Claude Jean. ISBN 2-07-077565-8
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com