Alexander VI. (Poopst)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alexander VI. (biergerlech Rodrigo de Borja, italienesch Borgia, * 1. Januar 1431 zu Játiva bei Valenzia, † 18. August 1503) zu Roum war vu 1492 bis 1503 Poopst vun der Kathoulescher Kierch. Säi kathoulesche Gedenkdag ass den 18. August. Hie gëllt als ee vu de schrecklechste Muechtpolitiker a schillernste Peepst aus senger Zäit.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
[Änneren] D'Carrière vum Rodrigo Borgia
Säi Monni Alfonso Borgia, deen als Kalixt III. vu 1455 bis 1458 als Poopst regéiert huet, huet him e Weiderkommen an der kierchlecher Hierarchie erméiglecht.
De Rodrigo Borgia war zwar kee Geeschtlechen, dat gouf hien eréischt e puer Joer méi spéit, trotzdem hat säi peepstleche Monni hien 1456 zum Kardinol ernannt. Méi spéit war hien och nach Vizekanzler, dat en zu engem vun de räichste Männer an Europa gemaacht huet.
Trotz senger Kierchendignitéit war hien der Sexualitéit net ofgeneigt. Typesch fir d'Renaissance huet en dat och net probéiert ze verheemlechen. Mat der Mamm vu senge Kanner Juan (spéider Herzog vu Gandia), Cesare (spéider Herzog vu de Romagna), Lucrezia (spéider Herzogin vu Ferrara) a Jofré huet hien, deemools nach als Kardinol, ongeféier 20 Joer laang mat senger Konkubine Vanozza Catanei zesumme gelieft.
[Änneren] De Poopst Alexander VI.
Den 10. August 1492 gouf hien zum Poopst Alexander VI. gewielt, woubäi et sech zäittypesch em Simonie (also Ämterkaf) gehandelt huet. Säin Nepotismus allerdengs huet een him spéider méi iwwelgeholl: Sengem Bouf Cesare huet hien, géint deem säi Wëlle, zum Bëschof ernannt. Och aner Spuenier, déi hien an d'Land geholl huet, goufe begënschtegt. Och legendär sinn d'Geschichten, déi sech dacks erzielt goufen, hien hätt mat senger eegener Duechter Lucrezia geschlof a lästeg Géigespiller mam berühmte "Borgia-Gëft" aus dem Wee geraumt.
Eng Villzuel vun Exzesser, déi him nogesot goufen, huet Kritiker haart gi geloos. De bekannteste Vertrieder gouf den Dominikanerpater Girolamo Savonarola vu Florenz, deen ugangs nach em friddlech Gespréicher mam Alexander beméit war an ouni Bedenken him zum Bestiednes vu senger Duechter Lucrezia gratuléiert hat. Den Dominikaner huet d'Ofsetzung vum Poopst gefuerdert, souwéi och kierchlech Reformen. Hien huet gepriedegt: "Där Kierchefürsten, ... nuets gitt der bei är Konkubinen a moies bei är Sakramenter."
Bei enger spéiderer Geleeenheet sot hie mol: "Dës Kierchefürste hunn d'Gesiicht vun enger Houer, hier Bekanntheet schuet vill der Kierch. Ech soen iech, se hale näischt vum chrëschtleche Glawen."
Fir datt de Savonarola roueg soll sinn, huet den Alexander VI. him de Kardinolshutt ugebueden. De Savonarola ass haart bliwwen a huet refuséiert. Doropshin gouf en exkommunizéiert a vu senger Stad Florenz arrestéiert, gehaang a verbrannt.
Den 18. August 1503 ass den Alexander VI. u Symptomer, déi op eng Arsenvergëftung higedeit hunn, gestuerwen.
[Änneren] Bewertung
[Änneren] Seng Verdengschter
Dem Alexander säi Beméien em eng geuerdnet Verwaltung vun der Kierch a vum Kierchestaat sinn onemstridden. Wéineger onemstridde si seng Verdengschter em d'Missionéierung vu Südamerika. 1494 hat hien duerch de Vertrag vu Tordesillas d'Welt tëscht de Séimuechte Portugal a Spuenien opgedeelt, fir den Interessekonflikt vu dëse béide chrëschtleche Muechten opzehiewen.
Ernimmt sollt awer och ginn, datt den Alexander ville Judden Asyl a Roum ginn huet, déi no der Reconquista an Andalusien verdriwwe goufen an op de Protest vun den "allerchrëschtlechsten" spuenesche Kinneke Kathoulesch Kinneken ("Los Reyes Católicos") Isabel I. a Fernando II., mat de Wierder "en hätt de Judde säi Schutz versprach, an dobäi bleiwt et" geäntwert huet.
[Änneren] Liewenswandel
Dem Alexander säi Liewenswandel ënnerscheet sech u sech net signifikant negativ vu de Liewenstiler vu anere (Kierche-)Fürsten aus dëser Zäit. En Uerteel iwwert seng Frëmmegkeet léisst sech net fällen. Gemooss um Usproch vum Poopstëm ass hien awer kritesch ze gesinn. Hien ass bekannt dofir, Kardineel géint Geld z'ernennen, fir se dann embréngen ze loossen. Veruerteelte Mäerder huet hie géint eng entspriechend Spend begnadegt. Iwwerliwwert ass säi Sënnsproch: "Den Härr wëll net den Doud vun engem Sënner, mee datt e lieft a bezillt."
Ongewinnt a beim italieneschen Adel verhaasst war säin ëffentlecht Bekenntnes zu senge Kanner, d'Muechtpolitik déi e mat hinnen bedriwwen huet an déi Sonnerbehandlung vu spuenesche Adelsfamillen, déi duerch hien a ganz Italien Fouss faasse konnten. De Giovani de Medici sot eng Kéier iwwert den Alexander: "Lo si mer am Grëff vum villäicht wëllste Wollef, deen d'Welt je gesinn huet."
Den Alexander war ouni Zweifel liewenslëschteg, sënnlech a muechtbewosst. Datt e sech nach am Alter vu 70 Joer eng ganz jonk Maîtresse gehalen huet, muss suguer zu déier Zäit e Skandal gewiescht sinn. Anerersäits sprécht seng oppe Kritik um ausschwäifende Liewe vu sengem Bouf Cesare an déi eegen Aarbechtsdisziplin vum Poopst, dee scho fréi mueres um Schreifdësch soutz, géint säi zweet Liewe mat (och Drénk-)Orgien.
Bemierkenswert ass och, datt seng Invitatiounen op Iesse wäithi gefaart waren an no Méiglechkeet gemidde goufen: Net well een hätt kënne vergëft ginn, mee well emmer nëmmen ee Plat zervéiert gouf, wat suguer a ville Kléischter als Zoumuddung empfond gi wär.
[Änneren] Den Zwingli iwwer den Alexander VI.
De Schwäizer Reformator Ulrich Zwingli huet den Alexander dacks schaarf attackéiert. Hien huet him virgehäit, géint dat grondleeënd 1. Gebott ("Du solls keng aner Gëtter nieft mer hunn", Exodus 20,3), dat et dem Mënsch ënnert anerem verbitt, sech selwer zu engem Gott ze erhiewen, ze verstoussen. Domatt weist sech, sou den Zwingli, d'Widderchrëschtlechkeet vun der réimesch-kathoulescher Kierch. Hannergrond ass en Text deen zu Roum bei der Kréinung vum Alexander VI. zum Poopst ze liese war:
- "Roum hat grouss en Caesar gemaach.
Elo hieft den Alexander et zum Gipfel erop,
Mënsch deen,
dësen ee Gott!"
Nom Fritz Blanke, Haaptschrëfte vum Ulrich Zwingli, Bd. IX: Zwingli, der Theologe. Teil 1: Kommentar Huldrych Zwinglis über die wahre und falsche Religion, übersetzt und erläutert von Fritz Blanke, 1941, S.4; Kuck och: Klabund: Borgia
Donou bemierkt den Zwingli an der Virried zum Commentarius de vera et falsa religione vu 1525:
- "Mir kënnen et net verleegenen: 'Gott op der Äerd' hu mer hie genannt"
(a.a.O., S.3f).
Well den Alexander sech "Gott" nenne gelooss huet, wier hie vum chrëschtleche Glawen ofgefall.
[Änneren] Literatur
- Geiger, Ludwig (Hg.): Alexander VI. und sein Hof. Nach dem Tagebuch seins Zeremonienmeisters Burcardus; Stuttgart: Lutz, 1912
- Herrmann, Horst: Die Heiligen Väter. Päpste und ihre Kinder; Berlin: Aufbau-Taschenbuch-Verlag, 2004; ISBN 3746681103 (neue Sicht)
- Reinhardt, Volker: Der unheimliche Papst. Alexander VI. Borgia; 1431 - 1503; München: Beck, 2005; ISBN 3-406-44817-8
- Reichenberger, Kurt; Reichenberger, Theo: Der Borgiapapst Alexander VI - Monster oder Märthyrer?; Kassel: Edition Reichenberger, 2003; ISBN 3-935004-68-0
[Änneren] Um Spaweck
- Den Alexander VI. am Kierchelexikon BBKL (op Däitsch)
- Ökumeneschen Hellegelexikon
- Kathoulescht Kierchelexikon
Virgänger | Nofolger | |
---|---|---|
Innozenz VIII. | Lëscht vun de kathoulesche Peepst | Pius III. |