Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Al-Dschasira - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Al-Dschasira

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Al-Dschasīra (arabesch الجزيرة, iwwersat "D’Insel" oder "D’Arabesch Hallefinsel"), englesch Al Jazeera geschriwwen, ass en arabeschen Noriichtesender mat Sëtz zu Katar. Al-Dschasira erhieft den Usproch, den eenzege politesch onofhängege Tëlevisiounssender am Noen Osten ze sinn.

[Änneren] Geschicht, Aarbecht a Wierkung

De Sender huet Enn 1996 ugefaange mat senden, woubäi en dovu profitéiert huet, dass am Abrëll 1996 den arabesche Gemeinschaftssender vun der BBC an dem saudesche Medienkonzern Orbit wéinst Zensuropfuederunge vun der saudescher Regierung de Sendebetrib agestallt huet. Vill Mataarbechter vun dësem Sender si bei Al-Dschasira eriwer gewiesselt.

Al-Dschasira ass de warscheinlech am meeschte gekuckten Noriichtesender am Noen Osten, wou vill Leit en als eng méi vertrauenswierdeg Informatiounsquell gesi wéi déi westlech Sender, wéi z.B. CNN International.

De Sender gouf vun der US-Regierung ëmmer erëm schaarf kritiséiert, well en an hiren Aen ze onkritesch iwer de Saddam Hussein oder den Osama bin Laden bericht huet. Ëmgekéiert gouf Al-Dschasira vu ville vu sénge Spectateure kritiséiert, well de Sender israelesche Regierungsbeamte Sendezäit gëtt.

Et heescht, d’Awunner am Noen Osten géife vun hire Regierungen a Medien nëmmen ageschränkt Informatioune kréien, dës wieren esouguer nach virageholl. Net zulescht dowéint ass Al-Dschasira als déi oppenst a komplettst Informatiounsquell am Noen Oste bekannt an nët confirméierten Aussoen no och en Zil vun US-Propaganda.

Am Drëtte Golfkrich gouf Al-Dschasira vun der US-Regierung beschëllegt, géint d’Genfer Konventioun verstouss ze hunn. De Sender huet Billermaterial vu gefaangenen US-Zaldoten, ënnert anerem beim Verhéier, gewisen.

Am Januar 2003 huet d'BBC ugekënnegt, dass si e Vertrag iwert den Austausch vun Informatiounen a Filmmaterial mat Al-Dschasira ënnerschriwen hätt. Dëse Schrëtt gëtt vu villen als eng weider Bekräftegung vun der Neutralitéit vun dësem Sender gesinn.

Am Mäerz 2003 huet Al-Dschasira, opgrond vun den aktuellen Événementer eng engleschsproocheg Editioun vu séngem Internet-Optrëtt lancéiert, déi direkt gehackt gouf. D’Visiteure goufen duerch en Agrëff an den DNS-System zu enger Säit ëmgeleet, déi en amerikanesche Fändel gewisen huet. Dës Déviatioun war no e puer Deeg awer erëm besäitegt. Déi engleschsproocheg Al-Dschasira-Säit war awer wärend dem Drëtte Golfkrich kaum z'erreechen.

Haaptredakter vun der engleschsproocheger Offer ass déi am Libanon gebueren Joanne Tucker, Duechter vun engem US-amerikanesche Pilot bei enger ziviler Fluchgesellschaft an enger Libanesin. D’Joanne Tucker ass a Saudi-Arabien a Groussbritannien opgewuess, huet un der Cambridge University studéiert a fir d'BBC geschafft, éier se, faszinéiert vun der villsäiteger Berichterstattung vun Al-Dschasira no den Événementer vum 11. September 2001 vum Ibrahim Helal, Chefredakteur vun Al-Dschasira, d’Offer krut, fir de Sender ze schaffen.

Al-Dschasira plangt, en engleschsproochege Sender ze lancéieren.

Zënter dem 4. Mäerz 2003 dierfen Al-Dschasira an aner Noriichtenagencën, deneen hir Nimm net publizéiert goufen, net méi vun der New Yorker Bourse beriichten, "aus Sécherheetsgrënn", sou déi offiziell Begrënnung. Kritiker sinn der Meenung, dass d’Ofneigung vun der Bush-Regierung géint dëse Sender den eigentleche Grond ass.

Am drëtte Golfkrich hu fir Al-Dschasira déi selwescht Restrictioune wéi fir aner Sendere gegollt. Den Taisir Alluni, e Reporter vun Al-Dschasira, gouf vum irakeschen Informatiounsministär aus dem Land verwisen, en anere Reporter, den Diyar al-Omari, huet net méi dierfen aus dem Irak beriichten. Béid Décisiounen goufe spéider widerruff. Entre-temps huet al-Dschasira sech esouguer ganz aus dem Irak zeréckgezunn, an huet "iwerdriwen Amëschung vun den irakeschen Autoritéiten" als Grond uginn.

Den Taisir Alluni war fir Al-Dschasira och als Reporter am Afghanistan. No den Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA huet hien mat engem Exklusiv-Interview vum Osama bin Laden op sech opmierksam gemaach. Hie gouf 2005 a Spuenien wéint sénge Kontakter mat der al-Qaida zu siwe Joer Prisong veruerteelt. Him gouf reprochéiert, engem Al-Qaida-Leader, deen hien a séngem südspueneschen Haus logéiert hat, Suen iwerginn ze hun.

Den 8. Abrëll 2003 gouf de Büro vum Sender zu Bagdad bei enger US-Loftattack getraff, obwuel d’USA anscheinend iwert déi genee Lag vum Büro informéiert waren. De Reporter Tariq Ayyub ass heibäi ëm d’Liewe komm. En änlechen Ugrëff op de Büro zu Kabul ass wärend dem Afghanistankrich geschitt.

De 7. August 2004 huet dem Allawi séng Regierung all Büroen vun Al-Dschasira am Irak zougemaach. De 4. September 2004 huet déi irakesch Regierung beschloss, de Verbuet vun engem Mount vun Al-Dschasira op onbestëmmten Zäit ze verlängeren.

Den 23. September 2004 huet den irakeschen Regierungsconseil Al-Dschasira an Al-Arabiya fir zwou Wochen d’Berichterstattung iwert déi offiziell Regierungstätegkeeten verbueden, an dëst anscheinend wéint der Ënnerstëtzung vun Ugrëffer op Membere vum Regierungsrot an op Besatzungstruppen. E puer Iraker beschëllegen de Sender, duerch d'Diffuséiere vun Explicatioune vun irakesche Widerstandsféierer zur Gewalt géint de Besatzer opgehetzt an ethnesch resp. reliéis Spannunge verstäerkt ze hunn an de "gesetzlosen Widerstand" ze ënnerstëtzen.

Staarke Respekt hun déi provokant Optrëtter vum Wafa Sultan an Talkshowen am Joer 2005 an 2006 fond.

D’USA strahlen den arbaeschsproochege Sender Al-Hurra aus.

[Änneren] Literatur

Hugh Miles: Al-Dschasira: Ein arabischer Nachrichtensender fordert den Westen heraus, Hamburg: Europäische Verlagsanstalt, 2005 ISBN 3-434-50594-6

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com