Aktaion
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Aktaion (och: Actaeon) ass an der griichescher Mythologie de Jong vum Aristaios an der Autonoe. Hien ass vum Zentaur Cheiron erzu ginn, dee e besonnesch an der Konscht vun der Juegd ënnerriicht.
Enges Daags huet hien op der Juegd an engem Dall bei Plataeae d'Gëttin Artemis gesinn déi zesumme mat hire Nymphen an enger Quell gebuedt huet. Hien ass entdeckt gi wéi en si observéiert huet a vun der Gëttin mat Waasser aus der Quell besprëtzt ginn, wourop en sech an en Hirsch verwandelt huet, deen du vun sengen eegenen Hënn gejot a schliisslech um Bierg Kithairon zerrass ginn ass. D'Hënn hunn hiren Här am ganze Land gesicht an hunn sech eréischt berouegt nodeems se am Cheiron senger Hiel e Bild vun him gesinn hunn.
Den Aktaion dogéint huet als Gespenst d'Ëmgéigend vun däer Plaz wou hie gestuerwen ass, besonnesch d'Stad Orchomenos, onsecher gemaach. Eréischt nodeems d'Awunner sech Rot bei engem Orakel geholl hunn, sinn se no den Iwwerreschter vum Aktaion siche gaang, hunn se bäigesat an eng Statu vun him op säi Graf gesat. Duerno huet dem Aktaion seng Séil Rou fonnt.
Enger anerer Versioun no ass den Aktaion verwandelt ginn well en duerch säin Erfolleg an der Juegd iwwermiddeg ginn ass a vum Altor vun der Gëttin Artemis Fleesch, wat hir geaffert gi war, ewechgeholl huet fir et sengen Hënn ze ginn.
A Böotien, däer Landschaft an der de Mythos vum Aktaion spillt, ass hien als Schutzgottheet géint ze staark Hëtzt veréiert ginn an esou wahrscheinlech och zum Sënnbild gi fir déi duerch ze staark Sonnestrahlung verbrannten Natur.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |