Airspeed AS.51 Horsa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Airspeed AS 51 Horsa war en englesche Laaschtesegler fir den Truppentransport am Zweete Weltkrich , dee vun der Firma Airspeed Ltd gebaut gouf.
De Fliger gouf no dem legendäre britesche Kriger Horsa genannt.
[Änneren] Geschicht
D'Benotzung vu Laaschtesegleren duerch d'Englänner war eng Suite vum erfollegräichen Asaz vum däitschen DFS 230-Laaschtesegler deen e groussen Deel un der Erruewerung vum belsche Fort Eben-Emael am Mee 1940 bäigedroen huet.
De Virdeel vu sou Laaschtesegleren vis-a-vis vun de Fallschirmer war, datt d'Truppe kënnen nobäienee landen, wou se bei Fallschirmlandunge wäit verspreet sinn.
Mat 28 Sëtzplaze war den Horsa e gutt Steck méi grouss wéi d'amerikanesch Waco CG-4A (mat maximal 13 Mann Besatzung) an déi englesch General Aircraft Hotspur (mat nëmmen 8 Mann Besatzung), an déi och nëmme fir Trainingasätz geduecht war.
Amplaz vun Zaldoten konnt eng Jeep oder eeng 6-Pënner Panzerofwierkanoun transportéiert ginn.
Den Horsa koum fir d'éischt bei der Operatioun Tonga (een Deel vun der Operatioun Overlord an der Operatioun Neptun) bei der Ërruewerung vun der Pegasus-Bréck a vun der Horsa-Bréck um D-Day de 6. Juni 1944 an den Asaz.
Commons: Category:Airspeed Horsa – Biller, Videoen oder Audiodateien |