Épicerie Binck am Fond-de-Gras
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Épicerie Binck am Fond-de-Gras ass d'Ariichtung vun der fréierer Épicerie Bink, déi zu Déifferdeng an der avenue de la Liberté stoung.
Nodeems d'Épicerie zougemaach hat, huet de Service des Sites et Monuments Nationaux d'Butteksariichtung mat de Wueren iwwerholl, an dat Ganzt als "Épicerie-Musée" am Industrie- an Eisebunnspark Fond-de-Gras direkt nieft dem Café Bei der Giedel opbaue gelooss.
An engem anere Raum ass eng kleng Kaffisréischterei ausgestallt, déi awer net aus der fréierer Épicerie Binck staamt.