Sechs
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi natierlech Zuel Sechs (6) ass d'Nofollegerin vun der Fënnef an d'Virgängerin vun der Siwen.
Et ass déi kléngsten zesummegesaten Zuel mat zwee verschiddene Primfakteuren an di drëtt Dréieckszuel. Et ass eng gerued Zuel.
De Wierfel, och Hexaeder (aus dem Griechischen) oder Kubus (aus dem Laténgeschen), ass ee vu fënnef platonesche Kierper an huet sechs di selwescht Flächen. En Tetraeder huet 6 Kanten an en Oktaeder 6 Ecken.