Schëff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Schëff ass e grousst Waassergefier dat nom Prinzip vum Archimedes schwëmmt. Vum Floss ënnerscheet et sech well et en eegenen Undrif huet, a vum Boot duerch seng Gréisst.
Schëffer ginn op Werfte gebaut. Wann de Réibau fäerdeg ass gi se mat engem Stapellaf, an d'Waasser gelooss. Duerno gi se fäerdeg gebaut. Wann e Schëff gefléckt gëtt, kënnt et an en Dréchen- oder Schwammdock.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Opbau
- De Bug ass de viischten Deel vum Schëffsromp.
- De Wulstbug (Knupp um ënneschten Deel) verbessert d'Stréimungseegeschaften, a setzt den Energieverbrauch erof.
- Den Anker gëtt dem Schëff e festen Halt am Waasser, wann et net fiert.
- D' Backbordsäit ass déi lénks Säit vum Schëiff (nuets rout Liicht).
- D'Schëffsschrauf dreift d'Schëff virun.
- D' Heck bezeechent den hënneschten Deel vum Schëff.
- De Schaarschtesch ass fir d'Evacuatioun vun den Oggase vun de Schëffsmotoren noutwenneg.
- Den Deckopbau bezeechent all Opbauten iwwer dem ieweschten Deck.
- D' Uewerdeck ass dat iewescht Deck vum Schëff.
- D' Steierbordsäit ass déi riets Säit vum Schëff (nuets gréngt Liicht).
[Änneren] Kategorië vu Schëffer
- Äisbriecher
- Baggerschëff
- Flossschëff
- Fär, (oder eng. Ferry)
- Frachtschëff, Containerschëff
- Kriichschëff, U-Boot
- Küsteschëff
- Passagéierschëff, Croisièreschëff
- Schlepper
- Seegelschëff
- Tankschëff
- U-Boot
Den Äisbriecher USCGC Healy |
|||
Muséeschëff Cutty Sark |
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Kuckt och
- Pavillon maritime
- Lëtzebuerger Pavillon maritime