Rocas Atoll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer Brasilien. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Rocas Atoll ass en Atoll am Atlantik op 03°52′S, 33°49′W. Et gehéiert zum brasilianesche Bundesstaat Rio Grande do Norte.
D'Atoll ass en Deel vun engem Naturschutzgebitt, dat zënter dem Joer 2001 als Naturdenkmal op der UNESCO-Lëscht vun der Weltierfschaft steet. An deem Naturschutzgebitt liewe vill verschidde Schildkröten, Haien, Delfinen a Séivullen. D'Atoll selwer besteet zum gréissten Deel aus Korallen a rouden Algen.
D'Atoll huet d'Form vun enger Ellipse an ëmfaasst 7,5 km². Déi grouss Achse ass 3,7 km laang an déi kleng 2,5 km.