Retinne
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Retinne op wallounesch Ritene ass eng Sektioun an der belscher Gemeng Fléron an der Provënz Léck. Retinne läit um westlechen Ausleefer vum Plateau de Herve.
D'Baach Sainte-Julienne huet hir Quell zu Retinne, net wäit ewech vun der Parkierch déi der Helleger Julienne geweit ass.
Bis zur belscher Gemengereform am Joer 1977 war Retinne eng eegestänneg Gemeng.
Retinne ass vu wäitem ze lokaliséieren duerch säi kënschtlechen Hausbierg, den 90 Meter héijen Terril du Hasard, e kegelfërmegen Tipp vun Aafraumgesténgs, deen aus der Zäit vun der Kuelenexploitatioun Rescht blouf.
Am Éischte Weltkrich haten Zaldote vun der däitscher keeserlecher Arméi aus dem 27. IR an dem 165. IR bei der Invasioun, zu Retinne 18 Haiser zerstéiert, a 40 Zivilleit massakréiert.
[Änneren] Um Spaweck
- (fr) Combats à Retinne des 5 et 6 août 1914, aus der Revue 'le Courrier de l'Armée' No. 732, 12. Dezember 1920