Regulus (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Regulus (α Leonis) ass deen hellste Stär am Stärebild Leo (Léiw). De laténgesche Numm bedeit Klenge Kinnek oder Prënz.
De Regulus ass 77,5 Liichtjoer vun der Sonn ewech a besëtzt eng schäinbar Hellegkeet vun 1,36m bei enger absoluter Hellegkeet vun -0,2m. Hie gehéiert zu der Spektralklass B7.
De Regulus kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a (ganz selten!) vu Planéiten bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Regulus duerch e Planéit war den 9. Juli 1959 duerch d'Venus, déi näechst ass den 1. Oktober 2044, nees duerch d'Venus. Aner Nimm fir de Regulus sinn: Al Kalb al Asad, Cor Leonis ("Häerz vum Léiw"), Kabeleced, Kalb, Kelb, Rex.
Koordinaten
- Rektaszensioun ( Äquinoktium 2000.0): 10h08m22.30s
- Deklinatioun ( Äquinoktium 2000.0): +11°58'02.0"
Kuckt och: Fréijoersdräieck