Regierung Santer-Poos III
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Regierung Santer-Poos III ass eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 12. Juni 1994 ervirgaange war. Si ass den ass den 13. Juli 1994 vereedegt ginn.
Si huet aus 11 Ministeren an engem Staatssekretär bestanen.
De 26. Januar 1995 ass d'Regierung ëmgebildt an de Jean-Claude Juncker Premierminister ginn, nodeems de Jacques Santer vu senger Functioun als Premier zeréckgetruede war, fir President vun der Europäescher Commissioun ze ginn.
[Änneren] Zesummesetzung
- Jacques Santer (CSV): Premierminister; Staatsminister; Kulturminister
- Jacques Poos (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister, Minister fir Aussenhandel a Cooperatioun
- Fernand Boden (CSV): Minister fir Famill a Solidaritéit; Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus; Minister vun der Ëffentlecher Verwaltung
- Jean Spautz (CSV): Inneminister; Wunnengsbauminister
- Jean-Claude Juncker: Finanzminister, Aarbechtsminister
- Marc Fischbach (CSV): Erzéiungs- a Fuerschungsminister; Justizminister;
- Johny Lahure (LSAP): Gesondheetsminister; Ëmweltminister
- Robert Goebbels (LSAP): Wirtschaftsminister; Minister fir Ëffentlech Aarbechten; Energieminister
- Alex Bodry (LSAP): Minister fir Landesplanung; Arméiminister; Minister fir Sporterzéiung a Sport; Jugendminister
- Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Delegéiert Ministesch fir Kultur
- Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Ministesch fir Sozialversécherung; Transportministesch; Kommunikatiounsministesch
- Georges Wohlfart (LSAP): Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Cooperatioun; Staatssekretär fir Ëffentlech Aarbechten.
[Änneren] Kuckt och
de la Fontaine | Willmar | Simons | de Tornaco | Servais | de Blochausen | Thilges | Eyschen | Mongenast | Loutsch | Thorn | Kauffman | Reuter | Prüm | Bech | Dupong-Krier | Exilregierung | vun der Befreiung | National Unioun | Dupong-Schaus | Dupong-Schaus-Bodson | Bech-Bodson | Frieden | Werner-Schaus I | Werner-Cravatte | Werner-Schaus II | Thorn-Vouel-Berg | Werner-Thorn-Flesch | Santer-Poos I | Santer-Poos II | Santer-Poos III | Juncker-Poos | Juncker-Polfer | Juncker-Asselborn