Progrès Nidderkuer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Progrès Nidderkuer | |||||||||||||||||||||||||||||||||
Offiziellen Numm: | Football Club Progrès Niedercorn |
||||||||||||||||||||||||||||||||
Grënnung: | 1919 | ||||||||||||||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Stadion: | Stade Jos Haupert, Nidderkuer |
||||||||||||||||||||||||||||||||
Plazen: | 2 800 | ||||||||||||||||||||||||||||||||
President: | Roger Sosson | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Trainer: | Lex Wilhelm (interim) | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Liga: | Fortis Ligue | ||||||||||||||||||||||||||||||||
2006/07 | Nationaldivisioun, 7. Plaz | ||||||||||||||||||||||||||||||||
|
De Progrès Nidderkuer (offiziell F.C. Progrès Niedercorn) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Nidderkuer. De Veräi gouf 1919 gegrënnt an zielt 2007 ëm déi 650 Memberen.
Championat spillt de Progrès um Haapterrain vum Stade Jos Haupert zu Nidderkuer. De Stade ass fir 2 800 Leit zougelooss, 800 Plazen dovu si Sëtzplazen op der Tribün.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Éischt Seniorsequipe
Hir éischt Saison am Lëtzebuerger Championat hunn d'Nidderkuerer Foussballisten 1919/20 gespillt. 1922/23 ass de Progrès an d'zweethéchst Klass, déi haiteg Éirepromotioun geklomm an huet et zënterhier fäerdeg bruecht ni méi eng Divisioun drënner ze falen.
1926/27 war d'Equipe eng éischte Kéier an der ieweschter Divisioun. Bis op d'Joer drop (1928) an dunn nach eng Kéier 1936 huet Nidderkuer sech bis 1960 an der Nationaldivisioun gehalen. An deeër Zäit sinn och déi éischt Titele gewonn ginn: 1933 d'Coupe de Luxembourg an 1953 -zwanzeg Joer méi spéit- d'Championat.
Staark war de Progrès apaart an de Joren 1977-1982. An deene sechs Saisone gouf Nidderkuer zweemol Champion (1978 an 1981), dräimol Vizechampion a stoung och nach dräimol an der Coupefinale (Victoire 1977 an 1978). Héichpunkt war d'Saison 1977/78 an deeër déi Schwaarz-Giel den Doublé (Champion a Coupe) gepackt hunn. Et war och déi Zäit wou de Club an Europa gespillt huet (5 Participatiounen).
1989 an dunn nach eng Kéier 1991 ass Nidderkuer aus der Nationaldivisioun erausgefall an huet fir de Rescht vum Joerdausend Éirepromotioun gespillt. Mat Ausnam vun zwou Saisonen um Wupp vun der Nationaldivisioun (2002 an 2003), ass de Progrès och dono nach zweetklassesch bliwwen ier et du mam Opstig 2005/06 erëm de Bierg op gaangen ass. Zënter 2006/07 spillt Nidderkuer nees an der Nationaldivisioun, wou se als Opsteiger mat enger 7ter Plaz d'Saison op en Enn bruecht huet. Dëst wor allerdéngs eng Saison wou ganzer 5 Traineren am Asaz waren.
[Änneren] Saison 2007/08
Fir d'Saison 2007/08 an der Fortis League huet den Ex-Trainer Serge Thill, deen et op 14 Asätz an der Nationalequipe bruecht hat, op eng méi jonk Equipe gesat, mat net manner wéi 6 Spiller déi am Veräi grouss gi sinn. Den Altersduerchschnëtt läit bei 23 Joer. Hiert Zil ass, net aus der Fortis Leage erauszefalen. No der Virronn steet de Progrès mat 17 Punkten op der 8. Plaz vum Championnat.
Nom Match géint den RFCUL huet den Serge Thill als Trainer demissionéiert fir sech erëm op d'Jugendaarbecht ze konzentréieren. Säi Posten iwwerhëlt virleefeg de Jean-Paul Defrang.
Am Laaf vun der Préparatioun war den Jean-Paul Defrang net mei mat der Aarbecht an der Equipe zefridden an hued dodrops hin demissionéiert. Den Interim iwwerhëlt den Wilhelm Lex
[Änneren] Den aktuelle Kader (Stand: Januar 2008)
Goal |
---|
Castellani David |
Felgen Philippe |
Wilwert Christophe |
Défense |
---|
Chaussy Marc |
Ghin Enzo |
Palazzo Rocco |
Panel Thomas |
Rigo Johnathan |
Soares David |
Vales François |
Zhan Nico |
Mëttelfeld |
---|
Chaillou Didier |
Gilgemann Thomas |
Xavier Thill |
Henriques Pinto Paulo |
Kaufmann Christophe |
Muller Sammy |
Kabral Nelson |
Teixeira Dany |
Stuerm |
---|
Colleatte François |
Dautbasi Amer |
Masi Mauro |
[Änneren] Nationale Palmarès
- Champion (3x): 1953, 1978, 1981
- Vizechampion (5x): 1932, 1937, 1977, 1979, 1982
- Gewënner (4x): 1933, 1945, 1977, 1978
- Finalist (3x): 1946, 1956, 1980
[Änneren] Europäesch Kompetitiounen
Saison | Kompetitioun | Ronn | Land | Club | Resultat |
---|---|---|---|---|---|
1977/78 | EP Pokalgewënner | VR | Vejle BK | 0-1, 0-9 | |
1978/79 | EP Landesmeeschter | VR | Real Madrid | 0-5, 0-7 | |
1979/80 | UEFA Cup | 1R | Grasshopper-Club Zürich | 0-2, 0-4 | |
1981/82 | EP Landesmeeschter | VR | Glentoran FC | 1-1, 0-4 | |
1982/83 | UEFA Cup | 1R | Servette Genève | 0-1, 0-3 |
- VR = Virronn, 1R = Éischt Ronn,
[Änneren] Dammenequipe
D'Dammenequipe vum Progrès Nidderkuer (FC Progrès Dames) gouf 1972 gegrënnt an ass net nëmmen eng vun den éischten am Land gewiescht, mee och déi bei wäitem erfollegräichsten an der Geschicht vum Fraefoussball zu Lëtzebuerg. Nidderkuer war bis ewell 15 mol Lëtzebuerger Champion an huet d'Coupe de Luxembourg zweemol dierfe matheemhuelen (Stand: 2007).
Tëscht 1978 an 1984 hunn d'Nidderkuererinnen am belsche Championat a vun 1991 bis 1998 an deem vum Saarland gespillt.
2001/02 huet Nidderkuer beim UEFA Women's Cup participéiert, hat awer géint déi staark auslännesch Equippen näischt ze gutt an ass ouni Goal an ouni Punkt direkt an der éischter Ronn erausgeflunn.
Fir d'Saison 2006/07 hat de Progrès keng Dammenequipe fir d'Championat ugemellt.
[Änneren] Nationale Palmarès
- Champion (15x): 1975, 1977, 1978, 1985, 1986, 1987, 1988, 1989, 1999, 2000, 2001, 2002, 2003, 2004, 2005
- Gewënner (2x): 2002, 2003
- Finalist (2x): 2004, 2005
Veräiner an der FORTIS LIGUE (Nationaldivisoun) 2007/08 | ||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|