Pride and Prejudice
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Pride and Prejudice ass e Roman vun der englescher Schrëftstellerin Jane Austen.
Ënner dem Titel First Impressions gouf de Roman tëscht Oktober 1796 an August 1797 geschriwwen. Erauskomm ass d'Buch 1813 an enger éischter Oplo vun 1.500, déi direkt ausverkaf waren. A Frankräich koum d'Buch ënnert dem Titel Orgueil et Préjugé 1822 an 1832 hat Pride and Prejudice et och bis iwwert den Atlantik gepackt a koum an den USA op de Maart.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Buch ?
Am Roman Pride and Prejudice geet et haaptsächlech ëm d'Bestiednis am fréien 19. Joerhonnert. D'Haaptfigur vum Buch ass d'Elizabeth Bennet, 21 Joer jonk, intelligent, schéin a net op de Mond gefall. Hire Papp, de Mr. Bennet, verbréngt déi meeschten Zäit a senger Bibliothéik, vrun allem fir datt en net muss mat senger Fra, der Mrs. Bennet schwätzen. D'Mrs. Bennet huet vrun allem eng Suerg, an zwar datt hier fënnef Duechtere gutt bestuet ginn an net spéider op der Strooss sëtze mussen. D'Land vun de Bennets geet nämlech nom Doud vum Mr. Bennet un de Cousin vun der Famill, well de Mr. Bennet selwer kee männlechen Nokommen huet. Dëse Cousin, de Mr. Collins, ass um Elizabeth interesséiert, mee dat ass awer net géigesäiteg, sou datt fir d'Mamm all Hoffnung verluer ass, datt d'Land an hirer Famill bleift.
De Stot ass ganz aus dem Häischen, wéi e gewuer gëtt datt e räiche jonken Adlege sech an der Noperschaft néierloosse wëll. Dëse Mr. Bingley weist och Interessi um Jane, der eelster vun de fënnef Bingley Duechteren, mee wéi esou dacks huet dëst en Hoken. Dem Mr. Bingley säi beschte Frënd, de Mr. Darcy, ass en houfregen, arroganten Adlegen, deen et net fir néideg fënnt, sech mat den anere Leit vum Land opzehalen. Hien an d'Elizabeth si sech vun Ufank un onsympathesch. De Mr. Darcy kritt dann och de Mr. Bingley iwwerzeegt, datt d'Jane keng gutt Partie ass, an zesumme fuere si zeréck an d'Stad. Datt dat dem Elizabeth säi Bild vum Darcy nëmmen nach verschlëmmert, ass kloer. Mee Viruerteler komme jo bekanntlech vun Onwëssen an esou ka sech d'Lizzy nach op eng Iwweraschung gefaasst maachen, déi sech gewäsch huet.
[Änneren] Zitater
- It is a truth universally acknowledged, that a single man in possession of a good fortune, must be in want of a wife. (Éischte Saz aus dem Buch)
- She is tolerable; but not handsome enough to tempt me; and I am in no humour at present to give consequence to young ladies who are slighted by other men. (Dem Mr. Darcy säin éischten Androck vum Elizabeth)
[Änneren] Literatur zum Thema
- Fergus, Jan: Jane Austen, a Literary Life, Macmillan, 1991.
- Honan, Park: Jane Austen: Her Life, Weidenfeld and Nicolson, 1987.
- Kelly, Gary: English Fiction of the Romantic Period 1789-1830, Longman, 1989.
- Sutherland, John: Who betrays Elizabeth Bennet, Oxford University Press, 1999.
[Änneren] Verfilmungen
- 1940 - Regie: Robert Z. Leonard (Greer Garson, Laurence Olivier, Maureen O'Sullivan)
- 1979 - Regie: Cyril Coke (Elizabeth Garvie, David Rintoul)
- 1995 - Regie: Simon Langton (Colin Firth, Jennifer Ehle)
- 2003 - Regie: Andrew Black (Kam Heskin, Orlando Seale)
- 2005 - Regie: Joe Wright (Keira Knightley, Matthew MacFadyen, Judi Dench, Jena Malone)
[Änneren] Um Spaweck
Wikisource: Pride and Prejudice – Quellentexter |
Wikiquote: Pride and Prejudice – Zitater |