Prënz Jean vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
S.A.R. Prënz Jean-Félix-Marie-Guilaume vu Lëtzebuerg, gebuer de 15. Mee 1957 zu Betzder, ass de Fils vum Groussherzog Jean, Brudder vum Groussherzog Henri an den Zwillingsbrudder vun der Prinzessin Margaretha. Hien dréit zënter 1986 den Numm Jean Nassau.
De Prënz Jean ass zu Lëtzebuerg, an der Schwäiz an a Frankräich, wou hie säi Baccalaureat gemat huet, an d’Schoul gaangen. Duerno ass hien an England op d’Royal Military Academy vu Sandhurst gaangen, wou hien 1977 Offizéier ginn ass. Am Joer 1979 gouf hie Capitaine vun der Lëtzebuerger Arméi genannt.
Seng Studien huet de Prënz Jean vun 1978 bis 1982 op der Universitéit Genf an um Webster College zu Genf gemat. Hien huet och 1986 en MBA op der INSEAD zu Fontainebleau bei Paräis gemat.
Den 8. September 1986 ass de Prënz Jean Papp vun enger Duechter, der Marie-Gabrielle, ginn. Kuerz drop, de 26. September 1986, huet hien op seng Rechter an der Krounfolleg verzicht an den Numm “de Luxembourg” fir den Numm “Nassau” opginn. De 27. Mee 1987 huet hien d’Mamm vu senger Duechter, d’Hélène Suzanne Vestur, bestued. An der Trounfolleg hätt hien den Accord vum Chef de Famille, also sengem Papp, gebraucht fir sech ze bestueden.
Aus de selwechte Jore stamen d’Rumeuren, datt de Prënz Jean, den oder ee vun de sougenannte Bommeleeër wier. Den 9. November 2005 huet een Zeien op RTL Radio an Televisioun konkreet uginn de Prënz Jean den 9. November 1985 am fréie Moien no beim Site vum Attentat deen Dag um Findel gesinn ze hunn. Den Zeien huet och uginn déi Déclaratioune schonns am Joer 1985 bei der Police gemat hätt, ouni datt et Suite gehat hätt. De Prënz gouf dorops den 9. Dezember 2005 vun der Police judiciaire verhéiert. De Parquet huet den 22. Februar 2006 an engem Communiqué bekannt ginn, datt d’Virwërf sech no Vérificatioun net bestätegt hätten.
Méi doriwwer am Artikel Bommeleeëran den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
De Prënz Jean huet véier Kanner: nieft dem Marie-Gabrielle, de Constantin (*22. Juli 1988), de Wenceslas (*17. November 1990) an de Carl-Johann (*15. August 1992). D’Kanner droen de Familljennumm Nassau an den Titel Comte respektive Comtesse de Nassau.
De Prënz Jean huet laang zu Paräis gelieft, an am Privatsekteur geschafft.
Seng berufflech Carrière huet 1982 bei W.R. Grace zu New York ugefaangen. Vun 1985 un huet hien bei der Pargesa Holding vum Albert Frère geschafft ier hien 1987 Project Manager bei Booz-Allen & Hamilton ginn ass. 1991 huet hien eng Immobiliegesellschaft matgegrënnt, a war vun 1993 bis 1997 Finanzberoder. Hie war och am Verwaltungsrot vun der Bank Degroof, Telindus France, Air Entreprise a Provence Europe. Am Grupp Suez war hie Senior Vice-President vun ONDEO Degrémont, an duerno e Beroder fir internationalen Developpement. 2006 huet de Prënz Jean Suez hir Waasseraktivitéiten a Sud-Afrika ofkaaft an d’Gesellschaft “Mea Aqua” matgegrënnt.
De Prënz Jean war och President vun der Chambre de Commerce belgo-luxembourgeoise en France.
Am Ufank vum 21. Joerhonnert ass de Prënz Jean, no senger Scheedung, nees regelméisseg zu Lëtzebuerg bei offiziellen Empfäng gesi ginn.