Portugisesche Fändel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Am portugisesche Fändel steet dee gréngen Deel fir d'Hoffes an dee roude fir d'Bluttvergéisse während der Reconquista. Déi giel Sphären an der Mëtt stellen d'Welt duer, esou wéi déi portugisesch Entdecker am 15. an am 16. Joerhonnert se gesinn hunn. Déi fënnef kleng blo Schëlter sti fir déi fënnef Maurekinneken déi de Kinnek Afonso I. an der Schluecht vun Ourique besiigt huet. Déi fënnef wäiss Punkten op all Schëld stellen d'Neel duer mat deenen de Jesus un d'Kräiz geneelt gouf. Déi siwe Buerge symboliséieren d'Buergen déi den Afonso I. de Mauren ofgeholl huet.