Péiter Ernest vu Mansfeld
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Péiter Ernest I. vu Mansfeld-Vorderort, gebuer den 12. August 1517 am Schlass Heldrungen bannent der Festung mam selwechten Numm a Sachsen (Mansfelder Land), a gestuerwen den 23. Mee 1604 a Clausen) war Feldmarschall an der spuenescher Arméi a Gouverneur vun der spuenescher Kroun an den Nidderlanden, zu Bréissel an zu Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De Mansfeld war dat 13. Kand vum Ernest II. vu Mansfeld-Vorderort an deem senger zweeter Fra Dorothea Gräfin vu Solms. Hie koum mat 14 Joer un den éisräichesche Kinnekshaff, deen e 4 Joer drop verlooss huet, fir mam Keeser Karel V. un der Befreiung vun Tunis deelzehuelen. Och dono ass en an der Arméi bliwwen, an en huet do séier Carrière gemaach. Hie gouf Gouverneur vun der spuenescher Kroun zu Lëtzebuerg (1545-1604), an den Nidderlanden (1590-1594) an zu Bréissel (1566).
Am Krich géint Frankräich gouf en als Feldherr vun Kinnek Philippe II. 1552 gefaangen geholl gouf eréischt 5 Joer méi spéit, nodeems en héicht Léisgeld bezuelt gouf, nees entlooss.
Schonns 1545 hat de Philippe II. zum Ritter vum Gëllene Vlis geschloen, a 1572 gouf en zum Feldmarschall vun de spueneschen Arméien an den Nidderlanden ernannt.
1572 huet hien an der Stad Lëtzebuerg en neit Stadhaus baue gelooss: haut ass et de groussherzogleche Palais.
De 4. Mäerz 1594 huet de Keeser Rudolf II. en zum Reichsfürst vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun ernannt. De Mansfeld huet sech 1597, mat 80 Joer vun allen ëffentlechen Ämter zeréckgezunn, an ass den 23. Mee 1604 a Clausen gestuerwen.
De Péiter Ernest vun Mansfeld huet sech och als Konschtsammler en Numm gemaach. D'antik Konschtgéigestänn an Tableauën, déi en an sengem Clausener Schlass La Fontaine zesummegedroen hat, huet en testamentaresch dem Philippe III. vu Spuenien vermaach. De Palais, vun deem haut bis op eng Entréespaart näischt méi erhalen ass, huet d'spuenesch Prinzessin Isabella geierft. Seng eege Kanner awer hunn näischt kritt.
[Änneren] Famill
De Mansfeld war op d'manst dräimol bestuet. Seng éischt Fra war d'Margaretha vu Brederode († 1556). No hirem Doud huet hie sech 1562 mam Marie vu Montmorency bestuedt, déi 1570 gestuerwen ass. En drëtt Bestiednes mam Claire vu Châlon koum no. D'Historiker si sech net eens iwwert eng véiert Bezéiung, vläit mam Anna vun Eyken oder dem Anna vu Bentzrath. Sécher ass just, dass dodrausser de Péiter Ernest II. vu Mansfeld ervirgaang ass, de spéider am Drëssegjärege Krich ee vun de Parteigänger war.
De Mansfeld hat eng gutt Dose Kanner, iwwert déi et hautesdaags bal oder guer keng Erkenntnesser gëtt:
- Friedrich II.
- Carl II. (Grënnungsmember vun der protestantescher Geusenunioun)
- Polyxena
- Dorothea
- Péiter Ernest II. vu Mansfeld
- Philipp Octavian
- Philipp (net sécher)
- Antonius
- Ernst (d. J.)
- Carl (d. J.) (net als en aus engem Bestiednes ervirgaangent Kand unerkannt)
- Anna
- Philipp (net aus engem Bestiednes, mee unerkannt)
- Renaud
- Christina.
[Änneren] Fir ze liesen
- Seidel, Renate: Die Grafen von Mansfeld. Geschichte und Geschichten eines deutschen Adelsgeschlechts. 1. Opl., Fouqué Literaturverlag, Engelsbach 1998, ISBN 3-8267-4230-3
- Thill, Norbert: Auf der Suche nach Mansfeld-Spuren : ein Wappen als Wegweiser - In: Lëtzebuerger Journal : Politik, Finanzen a Gesellschaft. - Luxembourg. - Jg. 59(2006), Nr. 31(14. Februar), Säiten 22-23, ill.
- Jankowski, Günter. - Mansfeld: Gebiet - Geschlecht - Geschichte : zur Familiengeschichte der Grafen von Mansfeld / Günter Jankowski. - Luxemburg : Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, 2005 (Luxembourg : Impr. Centrale). - 464 p. : ill. ; 23 cm
Bibliogr. Index ISBN 3-89890-079-7
- Scholer, Othon: Palatium Mansfeldicum - D'Mansfeldschlass , Deel 1, Collection "Les Amis de l'Histoire", Volume 19, Lëtzebuerg, 2006, ISBN 2-919884-19-0
[Änneren] Linken
Commons: Péiter Ernest vu Mansfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien |