Musel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Musel | |
D'Musel bei Éinen |
|
Statut | {{{14}}} |
Längt | 544 km |
Héicht vun der Quell | 735 m |
Duerchschnëttsdebit | 150 m³/s |
Fläch vum Baseng | 35.000 km² |
Leeft duerch | Frankräich Lëtzebuerg Däitschland |
Mündung | Rhäin |
Breet vun der Mündung | ? |
Floss - Hydrologie |
D'Musel ass ee Floss deen duerch Frankräich, laanscht Lëtzebuerg a laanscht an duerch Däitschland leeft.
[Änneren] Kleng hydrographesch a geologesch Notiz
Virun e puer dausend Joer huet d'Musel zum Anzochsgebitt vun der Meuse gehéiert. D'Meurthe déi net wäit dervu gelaf ass, huet awer lues a lues un den Uwännere vun der Musel gefriess, bis déi zwéi Flëss zesummegelaf sinn.
Vun do unn ass d'Musel den Haaptfloss ginn, a si ass am Bett vun der Meurthe mat weidergelaf.
Haut gëtt et zu Pagny-sur-Meuse net wäit vun der Plaz, wou fréier d'Musel an d'Meuse gelaf ass, am ale Bett vun der Musel, eng grouss Supp déi e 77 ha grousst Naturschutzgebitt ëmfaasst.
An der franséischer Geologie gëtt dës Verännerung vum Laf vum Floss als Capture de la Moselle bezeechent.
[Änneren] D' Musel haut
D'Musel huet hir Quell um Col de Bussang, no bei Rupt-sur-Moselle an de Vogesen op enger Héicht vu 735 m a leeft no 544 km um Däitschen Eck zu Koblenz an de Rhäin.
Den Numm Musel geet zeréck op dat keltescht Mosea iwwert d'laténgescht Mosella, dat eng Verklengerungsform vu Mosa, dem laténgesche Numm vun der Meuse ass, déi zäitweileg parallel dozou gelaf ass. De réimeschen Dichter Ausonius huet hir schons am 4. Joerhonnert e literarescht Monument gesat (Lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Robert Bruch).
A Frankräich gëtt d'Musel den Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle den Numm. Tëscht Metz an Diddenuewen leeft se duerch eng staark industrialiséiert Géigend; knapps virun der Lëtzebuerger Grenz fänkt de Wäibau un. D'Musel mécht d'Grenz tëschent Däitschland a Lëtzebuerg, bis zu Waasserbëlleg d'Sauer des Fonctioun iwwerhëllt, an d'Musel weider duerch Däitschland leeft. Tëschent Tréier a Koblenz ass d'Musel d'Grenz tëschent der Äifel (nordwestlech) an dem Hunsrück (südëstlech).
[Änneren] Wäibau
Zu Lëtzebuerg an an Däitschland ass d'Musel eng wichteg Wäibauregioun. Zu Lëtzebuerg kritt de Wäin dee vun do hier kënnt, an déi gesetzlech Oploen erfëllt, eng Appelation d'origine contrôlée. An Däitschland zielt se zum Ubaugebitt vun der Mosel-Saar-Ruwer. De Wäibau un der Musel geet op d'Réimer zeréck.
[Änneren] Nieweflëss
- a Frankräich:Avière, Durbion, Gander, Moselotte, Vologne, Madon, Meurthe, Seille, Orne, Ruisseau d'Argent, Ruissau de Saint-Oger, Rupt de Mad.
- zu Lëtzebuerg: Sir, Sauer, Donwenerbaach
- an Däitschland: Saar, Ruwer, Kyll, Salm, Lieser, Alf
[Änneren] Uertschaften un der Musel
- a Frankräich: Ancy-sur-Moselle, Arches, Archettes, Ars-sur-Moselle, Berg-sur-Moselle, Châtel-sur-Moselle, Contz-les-Bains, Épinal, Toul, Pont-à-Mousson, Metz, Diddenuewen, Kettenuewen
- zu Lëtzebuerg: Schengen, Réimech, Stadbriedemes, Éinen, Wormer, Meechtem, Gréiwemaacher, Mäertert, Waasserbëlleg
- an Däitschland: Tréier, Bernkastel-Kues, Traben-Trarbach, Cochem, Koblenz.
Fir eng komplett Lëscht, kuckt: Lëscht vun den Uertschafte bei der Musel
[Änneren] Schëfffahrt
Besonnesch Frankräich war drun interesséiert, datt grouss Schëffer d'Musel erop kinnte fueren, well esou déi loutrengesch Industriegebidder iwwert de Rhäin un d'Mier ugebonne wieren. Nom Zweete Weltkrich ass et zu engem Vertrag tëscht den dräi betraffene Länner komm, an d'Musel ass kanaliséiert ginn. 1967 war et esou wäit: d'Musel gouf tëscht Metz a Koblenz als Schëfffahrtsstrooss mat 18 Schleise fräiginn. Nieft Penichen, déi Gidder transportéieren, ginn et och en etlech Ausfluchsschëffer, déi mat Touristen u Bord tëschent de Wäindierfer hin an hier fueren.
[Änneren] Literatur
- Myriam Sunnen, 2008. D'Musel. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 235-240. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
[Änneren] Kuckt och
Commons: Mosel – Biller, Videoen oder Audiodateien |