Maurice Molitor
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Maurice Molitor, gebuer de 27. Oktober 1967 ass e Lëtzebuerger Journalist an Televisiouns-Presentateur.
No senger Première 1986 am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht an engem Journalismus-Studium zu Dortmund huet hien 1991, zesumme mam Sandy Lahure, mat just 24 Joer, déi nei gegrënnten Noriichten-Emissioun vun RTL Hei Elei, déi vun do un all Dag owes gelaf ass, moderéiert. 1997 gouf hien hire Chefredakteur.
Enn 2001 ass de Maurice Molitor bei déi nei gegrënnte Chamber TV gewiesselt, an 2003 huet hie mat .dok - Den Oppene Kanal - op d'Bee gesat, deem säin Administrateur délégué hien ass.