Manolete
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Manuel Laureano Rodríguez Sánchez, genannt Manolete, gebuer de 4. Juli 1917 zu Córdoba; a gestuerwen den 28. August 1947 zu Linares, Spuenien war e berühmte spueneschen Torero. Hie war a ganz Spuenien wéinst sengem Courage an der Arena bekannt.
Hien ass 1947 an der Infirmerie vun der Arena vu Linares gestuerwen nodeems de Kampfstéier Islero en op d’Hare geholl hat.
[Änneren] Film
De Schauspiller an Oscar-Preisdréier Adrien Brody spillt de legendären Torero am Film Manolete (2006/2007). D’Penélope Cruz spillt seng Frëndin. Well Déiereschutzbeweegunge fäerten, de Film géif de Stéierkampf zevill verherrlechen, kritiséieren déi e schonns staark, éiert en iwwerhaapt gedréint ass.
[Änneren] Weblinks
- http://www.fib.se/mano.html
- http://www.spanish-fiestas.com/bullfighting/manolete.htm
- http://www.mundotoro.com Stéierkampf-Homepage (Spuenesch)
- http://www.peta.org/feat-manoletemovie.asp Kritik um Film