Lëscht vun de Kinneke vun Navarra
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Lëscht vun de Kinneke vun Navarra ass en Deel vun de Referenztabellen
[Änneren] Dynastie vu Pamplona (816-905)
- ~816-851: Íñigo vun Navarra, och nach Íñigo Íñiguez Arista genannt. Hien ass de Kong vum Íñigo Ximenes Arista (†781).
- 851-870: García I. vun Navarra. Jong vum Íñigo vun Navarra a vun der Onega Velasquez vu Pamplona.
- 870-882: García Jiménez vun Navarra.
- 882: Íñigo Garcés vun Navarra.
- 882-905: Fortún vun Navarra, och nach Fortún Garcés I., Fortún el Tuerto et Fortún el Monje genannt. Jong vum García I. an der Urraca Sánchez vun der Gascogne. Hien huet eng muslimesch Prinzessin bestued.
[Änneren] Dynastie vun Navarra (905-1234)
Déi éischt Kinneken an deser Sektioun haten nach den Titel Kinnek vu Pamplona.
- 905-925: Sancho I. vun Navarra, och nach Sancho I. Garcés. Jong vum García Ximenes vun Aragon, Régent vu Pamplona, a vun der Dadilde vu Palhares.
- 925-970: García II. vun Navarra, Jong vum vireschten a vun der Toda Asnarez de Larraun.
- 970-994: Sancho II. vun Navarra, och nach Sancho II. Garcés Abarca. Jong vum vireschten a vun der Andregoto vun Aragon. Hien huet den Titel Kinnek vu Pamplona a Kinnek vun Navarra geännert. Hie wor ausserdem Grof vun Aragon (972-994).
- 994-1000: García III. vun Navarra, och nach García III Sánchez el Temblón. Jong vum vireschten a vun der Urraca vu Kastilien († ~1007). Hie wor ausserdem Grof vun Aragon.
- 1000-1035: Sancho III. vun Navarra, och nach Sancho III Garcés, Sanche de Groussen a Sancho III el Mayor. Jong vum vireschten a vun der Ximena Fernandez vu León († ~1035). Grof vun Aragon (1028-1029).
- 1035-1054: García IV. vun Navarra, och nach García IV Sánchez III a García de Nájera.
- 1054-1076: Sancho IV. vun Navarra, och nach Sancho IV Garcés a Sancho de Peñalé. Jong vum vireschten a vun der Étiennette vu Bigorre.
- 1076-1094: Sancho I. vun Aragon , och nach Sancho Ramírez. Jong vum Ramire I. vun Aragon, a vun der Gilbergue vu Bigorre. Hie wor och Kinnek vun Aragon (1063-1094). Den Troun vun Navarra gouf him vun der lokaler Bevëlkerung ugebueden, duerch seng enk Verwandschaft mam verstuerwene Kinnek.
- 1094-1104: Pedro I. vun Aragon, och nach Pedro Sánchez.
- 1104-1134: Alfonso I. vun Aragon, och nach Alfonso Sánchez. Brudder vum vireschten, och Kinnek vun Aragon.
- 1134-1150: García V. vun Navarra, och nach García Ramirez. Jong vum Ramire Sánchez vun Navarra, Här vu Monzón († ~1115) a vun der Christine Díaz de Bivar.
- 1150-1194: Sancho VI. vun Navarra, och nach Sancho Garcés.
- 1194-1234: Sancho VII. vun Navarra, Jong vum vireschten a vun der Sancie vu Kastilien.
[Änneren] Dynastie vun der Champagne (1234-1305)
- 1234-1253: Thibaud I. vun Navarra, och nach Thibaud de Champagne an Thibaud le Chansonnier. Jong vum Thibaud III. (1179-1201) a vun der Blanche vun Navarre (~1175-1229). Hie wor och Grof vun Troyes a vu Meaux (1201-1253).
- 1253-1270: Thibaud II. vun Navarra, ocj Thibaud de Jonken. Jong vum vireschten a vun der Marguerite vu Bourbon († ~1257). Hie wor och Grof vun Troyes a vu Meaux.
- Zanter 1253 : Régence vun der Marguerite vu Bourbon.
- 1270-1274: Henri I. vun Navarra, och Henri le Gros. Brudder vum vireschten. Hie wor och Grof vun Troyes a vu Meaux.
- 1274-1305: Jeanne I. vun Navarra. Duechter vum vireschten a vun der Blanche vun Artois (~1248-1302). Och Gräfin vun der Champagne. Si bestid de Kinnek Philippe le Bel am Joer 1284.
[Änneren] Kapetingesch Dynastie (1285-1349)
- 1285-1305: Philippe IV. vu Frankräich.
- 1305-1316: Louis X. vu Frankräich.
- 1316: Jean I. vu Frankräich.
- 1316-1322: Philippe V. vu Frankräich.
- 1322-1328: Charles IV. vu Frankräich.
- 1328-1349: Jeanne II. vun Navarra. Duechter vum Louis X. vu Frankräich a vun der Marguerite de Bourgogne.
[Änneren] Haus vun Évreux (1328-1441)
- 1328-1343: Philippe III. vun Navarra, och Philippe vun Évreux oder Philippe le Bon. Jong vum Louis vun Évreux (1276-1319) a vun der Marguerite vun Artois.
- 1349-1387: Charles II. vun Navarra, och Charles le Mauvais.
- 1387-1425: Charles III. vun Navarra, och Charles le Noble.
- 1425-1441: Blanche I. vun Navarra.
[Änneren] Dynastie vun Aragon (1425-1479)
- 1425-1479: Jean II. vun Aragon. Mann vun der vireschter a Jong vum Ferdinand I., Kinnek vun Aragon. Hien huet d'Kroun vun Navarre un sech geholl.
- 1479: Éléonore I. vun Navarre. Si bestid sech mam Gaston IV. (1425-1472), Grof vu Foix.
[Änneren] Haus vu Foix (1479-1517)
[Änneren] Haus vun Albret (1484-1572)
- 1484-1516: Jean III. vun Navarra, och Jean vun Albret. Hie bestid sech 1484 mat der vireschter Kinnigin. Jong vum Alain vun Albret (~1440-1522), Grof vu Graves, an der Françoise vu Châtillon (†1481), Gräfin vum Périgord. Och Grof vum Périgord 1481-1516, Vizegrof vu Limoges a Vizegrof vun Tartas.
- 1516-1555: Henri II. vun Navarra, och Henri vun Albret. Jong vum vireschten a vun der Kinnigin Catherine I. vun Navarra. Och Här vun Albret (1522-1550), dun Herzog vun Albret (1550-1555) a Vizegrof vu Limoges (1555).
- 1555-1572: Jeanne III. vun Navarra, och Jeanne vun Albret. Duechter vum vireschten a vun der Marguerite de France (1492-1549) . Och Groussherzogin vun Albret zanter 1556 a Vizegräfin vu Limoges.
[Änneren] Bourbonen (1555-1607)
- 1555-1562: Antoine I. vun Navarra, och Antoine de Bourbon. Mann vun der vireschter zanter 1548 a Jong vum Charles vu Bourbon (1489-1537), Herzog vu Vendôme, an der Françoise vun Alençon. Och Herzog vu Bourbon, Herzog vu Vendôme (1537-1562), Herzog vu Beaumont (1550-1562) an Herzog vun Albret (1556-1562).
- 1572-1607: Henri IV. vu Frankräich (Henri III. vun Navarra).
[Änneren] Franséisch Navarra / Spuenesch Navarra
[Änneren] Franséisch Navarra
Nidder-Navarra fält 1607 un d'franséisch Kroun.
- 1610-1643: Louis XIII. vu Frankräich
- 1643-1715: Louis XIV. vu Frankräich
- 1715-1774: Louis XV. vu Frankräich
- 1774-1789: Louis XVI. vu Frankräich
D'Kinnekräich Navarra verschwënnt 1789, zu gläicher Zäit wéi den Titel Kinnek vu Frankräich, deen duerch Kinnek vun de Fransousen ersat gëtt. Ënnert der Restauratioun daucht et dann nees op.
- 1814-1824: Louis XVIII. vu Frankräich
- 1824-1830: Charles X. vu Frankräich
Den Titel Kinnek vun Navarre verschwënnt definitiv no der Revolutioun vun 1830, an de Louis-Philippe kritt den Titel Kinnek vun de Fransousen.
[Änneren] Spuenesch Navarra
Uewer-Navarra fält 1512 un d'Kinnekräich Aragon an de spuenesche Monarch dréit zanterhier den Titel Kinnek vun Navarra, an dat bis haut.