Kosmologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Kosmologie (griichesch κοσμολογία) ass d'Léier vun der Natur, dem Uerspronk an der Entwécklung vum Universum. Et ass en Deelgebitt vun der Astronomie a méi genee vun der Astrophysik, awer och vun der Physik an der Philosophie.
Datt den Universum net onendlech grouss an onendlech al ass, beweist en einfach logescht Argument, den Olbers-Paradoxon.
Et gëtt ugeholl, dass den Universum virun ongeféier 13,7 Milliarde Joer an enger gigantescher Explosioun vu Raum an Zäit, dem Urknall, entstanen ass. Fir dës Theorie ginn et och Beweiser.
D'Galaxië bewege sech an alle Richtungen vun der Äerd ewech, wéi wa si viru laanger Zäit vun engem gemeinsame Punkt un ausernee gaange wären. D'Vitesse vun de Galaxien hängt vun hirer Distanz zur Äerd of, dës Bezéieng gëtt Gesetz vum Hubble genannt. Dat heescht net, dass eis Äerd de Mettelpunkt vun der Explosioun war, villméi soll een sech d'Galaxien als Punkten op engem Loftballong virstellen, deen sech ausdeent: vun egal weiengem Punkt aus gesin schengen sech dei aner Punkten ewech ze bewegen. Sou as et och am Universum: all Galaxie beweegt sech vun all anerer ewech (lokal Gravitatiounseffekter kennen zur Folg hun dass zwee Galaxien sech unzeien a mateneen verschmelzen, me op groussem Masstab gesin beweegen sech d'Galaxien vuneneen ewech).
En zweete Beweis ass di kosmesch Stahlung, déi aus alle Richtungen vum All kënnt. An dëser Strahlung fënnt ee Wellen, déi op liicht Onregelméissegkeeten an der Dicht vum fréien Universum hiweisen. Dës waren zoustänneg fir d'Galaxien ze bilden.
Och d'Virstellen iwwert d'Schicksal vum Universum gehéiert zur Kosmologie. An der Kosmologie as an deene nächste Joren e groussen Erkenntnisgewenn virprogrammeiert, duerch emmer mei präzis an ausgetüftelt Experimenter, um Buedem an (duerch Sonden) am Weltall.
[Änneren] Um Spaweck
- Kurze Einführung in die Kosmologie (pdf)
- Elementarteilchenphysik und Kosmologie (pdf) (aus "Sterne und Weltraum", März 2004)
- Programme national de cosmologie (coordination officielle de la recherche cosmologique en France)
- (en) Ned Wright: Cosmology tutorial and FAQ
- Bases de cosmologie sur le site français de la mission Planck
[Änneren] Bicher (populärwessenschaftlech)
- Steven Weinberg: Die ersten drei Minuten. Der Ursprung des Universums.
- Fred Adams, Fred Laughlin: Die fünf Zeitalter des Universums. Eine Physik der Ewigkeit.
[Änneren] Fachbicher
- Scott Dodelson: Modern Cosmology (2003)
- Steven Weinberg: Cosmology (2008)