Kathedral Notre-Dame vun Amiens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Kathedral Notre-Dame vun Amiens ass déi vum Volume hir gréisste gotesch Kathedral vu Frankräich.
Si ass duebel esou grouss wéi d'Notre-Dame vu Paräis: Se ass 145 m laang an 112 m héich; hirt Mëttelschëff huet eng Héicht vun 43 m (et ass dat zweethéchst a Frankräich: just d'Kathedral vu Beauvais, déi awer ni fäerdeg gebaut gouf, ass méi héich). Si gouf an nëmmen 49 Joer (tëscht 1220 an 1269), no Pläng vum Robert de Luzarches, gebaut. D'Architekte vum Kölner Doum, mee och vun der St. Patricks Cathedral vun New York, hu sech dës Kathedral zum Virbild geholl.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Baussen
Am Géigesaz zu deene meeschte franséische Kathedralen goufen zu Amiens d'Statuen an der Franséischer Revolutioun net zerstéiert. Bei Restauratounsaarbechte goufen d'Originalfaarwen ënnert enger Couche Schmorri erëmfond. Et gouf decidéiert, d'Statuen net nees ze bemolen, mee dofir ginn am Summer owes Diae baussen op d'Statue projezéiert, déi d'Statue faarweg ausgesi loossen. Den Haapttympan baussen op der Westsäit weist dat Jéngst Geriicht. Op der Südsäit ass d'Kréinung vun der Maria ofgebilt.
[Änneren] Bannenan
Bannena sinn ë. a. e Labyrinth, dat am Original erhale blouf, vun 234 m Längt um Buedem a Reliefer iwwert d'Liewe vun den Hellege Jean a Firmin aus dem 15. Joerhonnert ze bewonneren. Och d'Ställercher, d.h. d'Sëtzer fir d'Geeschtlecher ronderëm den Altor, aus dem 16. Joerhonnert, ganz aus Eechenholz, si mat vill Léift zum Detail mat Szenen aus der Bibel dekoréiert.
Wéinst hirer Schéinheet steet d'Kathedral vun Amiens op der Unesco-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft.