Joseph Noerden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Joseph Noerden, gebuer den 31. Mäerz 1927 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen den 2. Mee 1991 zu Berlin, wae e lëtzebuergesche Schauspiller, Regisseur, Schauspill-Enseignant an Dichter.
De Joseph Noerden ass 1945 op Zürich Theaterschauspill studéiere gaangen, wou hie vun 1946 bis 1948 beim Bühnenstudio war. Vun 1949 bis 1953 war hie beim Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble zu Ost-Berlin ugestallt. Vun 1953 bis zu sengem Doud war e beim Schillertheater – Staatliche Schauspielbühnen Berlin.
Hien huet och a Kinos- an Tëlevisiounsfilmer matgespillt, a koum tëscht den 1950er an 1970er och alt ëmmer nees op Lëtzebuerg, wou en ë. a. am Kasemattentheater matgespillt an och Regie gefouert huet.
De Joseph Noerden huet och Gedichter geschriwwen.
[Änneren] Filmographie
- Corinna Schmidt (DDR 1951) vum Arthur Pohl.
- Der Hauptmann und sein Held, (BRD 1955]], vum Max Nosseck, schwaarz-wäiss,
- Lieb Vaterland magst ruhig sein, vum Roland Klick,
[Änneren] Wierker
- Winterholz (1988)
- Karten aus Berlin (2001)
[Änneren] Fir ze liesen
- Jérôme Netgen: "'Lieber Noerden! Ein paar kleine Notierungen!' : von der Alzette an die Spree: Joseph Noerden (1927 - 1991), eine Schauspielerkarriere in Berlin." In: Tageblatt 2002, Nr. 193 (21. August), S. 24, Nr. 194 (22. August), S. 23.