Great Western Railway
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Great Western Railway (GWR) war eng Eisebunnsgesellschaft a -linn an England, déi 1833 gegrënnt gouf. Si ass entstan ënnert dem Impuls vun der Stad Bristol, déi en Uschloss u London gesicht huet, fier d'Positioun vun hierem Hafe géint d'Konkurrenz vu Liverpool ze stäerken.
Chefingenieur fier d'Eisebunnslinn ze baue war den Isembard Kingdom Brunel, deen am Alter vun nëmme 27 Joer opgedroe krut fier dëst fir déi deemoleg Zäit technescht Monsterwierk ze verwierklechen. Den Entworf a Bau vun de Lokomotive si vum Daniel Gooch ausgefouert ginn.
Den éischten Deel vun der Linn ass am Joer 1838 tëschent London Paddington an Teplow opgaangen. Déi voll Distanz vu London bis Bristol (bal 200 km) war vun 1841 u befuerbar. An de folgende Joere sinn eng grouss Zuel vu Säitelinnen opgaangen.