Giacomo Puccini
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Giacomo Puccini, gebuer den 22. Dezember 1858 zu Lucca a gestuerwen den 29. November 1924 zu Bréissel, war en italienesche Komponist.
1884 gouf déi éischt Oper Le Villi vum Puccini mat groussem Erfolleg gespillt an esouguer dem Puccini säi grousst Virbild den Giuseppe Verdi huet dëst Wierk geluewt.
Hien huet am ganzen 12 Opere komponéiert, wourënner Manon Lescaut, La Bohème, Tosca, a Madama Butterfly.