See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Geoid - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Geoid

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Äerdschwéierfeld, Ofwäichungen staark iwwerhéicht
Äerdschwéierfeld, Ofwäichungen staark iwwerhéicht

Schon de Pierre-Simon Laplace (1802), Carl Friedrich Gauß (1828) an den Friedrich Wilhelm Bessel (1837) hunn erkannt, datt en ellipsoidescht Äerdmodell, bei héiger Genauegkeet vun der Observatioun, als exakt Léisung nëtt ausräichend ass. Ellipsoidesch Modeller kënnen dofir nëmmen als nëtt fäerdeg Léisung fir d'Äerdgestalt déngen. D'Äerd ass opgebaut aus Massen vun ënnerscheedlechen Dichten, déi allerdéngs nët gläichméisseg verdeelt sinn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Definitioun vun der Geodäsie

D'Aufgabstellung vun der Geodäsie loossen sech no Wolfgang Torge (1975) folgendermoossen definéieren:

D'Geodäsie huet d'Missioun, d'Figur vun der Äerd an dat baussescht Schwéierfeld vun der Äerd an aner Himmelskierper als Funktioun vun der Zäit, souwéi dat mëttelst Äerdellipsoid aus deen an der Äerduewerfäch an am bausseschtem Raum observéierte Gréissen ze bestëmmen.

[Änneren] Figur vun der Äerd als physesch an als mathematesch Uewerfläch

D'Figur vun der Äerd gëtt duerch eng physesch an duerch eng mathematesch Uewerfläch beschriwwen. Ënnert der physeschen Äerduewerfläch versteet een d'Begrenzung tëschent festen a flëssegen Äerdmassen géigeniwwer der Atmosphär. Heir fënnt jo souzesoen en Dichtesprong am Opbau vun der Äerd statt, an zwar vun der mëttler Dicht vun der ieweschter Äerdkrust mat r = 2,7 gcm-3 op d'Loftdicht mat r = 0,0013 gcm-3.

Déi onregelméisseg gebauten Fläch vun der festen Äerdmass wéi z.B d'Kontinenter léisst sech awer nët sou ouni weideres duerch eng mathematesch Bezéiung duerstellen. Hei hëlleft nëmmen déi punktweis Erfaassung a Kartographéierung. Gewéinlecherweis geschitt dëst an 5° x 5° oder och an 1° x 1° Ënnerdeelungen. D'Uewerfläch vun den Ozeane, déi ëmmerhin ronn 70% vun der Äerduewerfläch ausmaachen, weist awer e Bildungsgesetz op. Ënner bestëmmte Virraussetzungen maachen d'Miere eng Surface, op deem e konstant Schwéierpontatial ass. Si ass dann d'Niveaufläch vun dem Äerdschwéierfeld.

[Änneren] J.B. Listing definéiert de Begrëff Geoid

Denkt ee sech dës Surface ënnert de Kontinenter fortgesetzt, sou kritt een déi mathematesch Äerdfigur. De J.B. Listing huet dëser Niveaufläch 1872 de Numm Geoid. Bei deenen bis haut gemaachten Geoidbestëmmungen huet sech gewisen, datt d'Ofwäichungen vum Geoids vun enger mëttleren Rotatiounsellipsoid méi kleng ewéi 100 Meter an der Héicht bedréit. Dës Ofwäichungen ginn als Geoidundulatiounen bezeechent. Dofir gëtt an der Regel e Referenzellipsoid ugeholl, an déi optridend Héichten iwwer d'Ellipsoiduewerfläch opgedroen.

[Änneren] Literatur

  • Christoph Reigber, Peter Schwintzer: Das Schwerefeld der Erde. Physik in unserer Zeit 34(5), S. 206–212 (2003), ISSN 0031-9252.
  • Erwin Groten: Geodesy and the Earth’s Gravity Field – Vol.I Principles and Conventional methods. Bonn 1979.
  • Intergovermental Committee On Surveying & Mapping: Geocentric Datum of Australia – Technical Manual, Version 2.2. PDF, Stand: 2005.
  • Wolfgang Torge: Geodäsie. 2. Auflage. Walter de Gruyter, Berlin u.a. 2003, ISBN 3-11-017545-2

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -