François-Émile Majerus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François-Émile Majerus, gebuer den 22. Abrëll 1819 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen och do den 22. Oktober 1877 war e lëtzebuergesche Minneningenieur.
De François-Émile Majerus huet zu Léck fir Ingénieur des mines studéiert an dës Studie mat engem Diplom ofgeschloss. Tëscht 1849 ass hien a Mexiko gaangen, an en huet fir d'mexikanesch Regierung d'Geologie vun etleche Bierger, dorënner de Popocatepetl an de Pic Orizala erfuerscht. Hien huet do och Sëlwer- a Bläiminne geleet.
Hannescht an Europa, gouf en 1856 Matgrënner vun der Burbacher Schmelz a war bis 1860 hiren Direkter. Duerno huet hien d'Colmer Schmelz gepacht. Hie war och 1855 Conseiller fir d'Lëtzebuerger Regierung, wéi et drëms goung, zu Lëtzebuerg Eisebunnen ze bauen. Vun 1875 bis zu sengem Doud war de François-Émile Majerus och Administrateur-délégué vum Prince Henri.
De Schwiefel, deen en um Popocatepetl fonnt huet, huet en dem Staatsmusée vermaach.