Foussball-Europameeschterschaft
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Foussball-Europameeschterschaft (Euro oder EM) bezeechent een Turnéier fir Foussball-Nationalequippen vun de nationale Foussballverbänn aus Europa, deen all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass den europäesche Foussballverband UEFA. Et gi souwuel Europameeschterschaften fir d’Hären (Männer) wéi och fir d’ Fraen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ausdroung
Nom offiziellen UEFA-Réglement ass d’Turnéier an eng Vir- an eng Ennronn gegliddert. D’Virronn ass eng am Meeschterschaftsmodus ausgedroen Qualifikatioun mat Hin- a Réckspiller. D’Ennronn gëtt an der Gruppephase an de Finalemätcher ausgedroen. Dat, wat UEFA-intern als Ennronn bezeechent gëtt, ass dat eigentlecht vum Ausriichter organiséiert Turnéier vu ronn dräi Wochen a gëtt allgemeng als "Foussball-Europameeschterschaft" bezeechent.
De Gewënner vun der Foussball-Europameeschterschaft ass, genee sou wéi och de Weltmeeschter, d’Ausdroungsland an d’Gewënner vun den anere fënnef kontinentale Concoursen (Afrikameeeschterschaft, Asienmeeschterschaft, Copa América, Gold-Cup an OFC-Natiounen-Pokal) fir dee nächsten Konföderatioune-Pokal qualifizéiert.
D’Recht, d’Foussball-Europameeschterschaft auszeriichten wiesselt permanent a gëtt vun der UEFA no Bewäertung vun de Kandidature verginn. Et huelen am ganzen 16 Equippen deel, déi sech an der EM-Qualifikatiounsronn qualifizéiert hunn, opgedeelt a véier Gruppen zu je véier Equippen.
All Equipe absolvéiert, well bannent enger Grupp jiddfer Equipe géinteneen spillt, dräi Gruppemätcher. Déi zwou éischt Equippen aus all Grupp kommen an d’Véirelsfinal, wou den Eliminatiounssystem ufänkt, de Verléierer aus all Mätch scheedt aus. Bei der Euro 2004 huet d’Regel vum Silver Goal gegëllt, déi dono awer erem ofgeschaaft gouf.
D’Lëtzebuergesch Foussballnationalequipe huet un der Virronn vun der EM 1964 deelgeholl. No dem 2:1 (1:1) géint Holland an der Aachtelsfinale, sinn d’Léiwen awer dunn, nodeems se mat 3:3 (2:2) an der Halleffinale géint Dänemark gläich gespillt hunn, am Play-Off-Mätch mat 0:1 (0:1) ausgescheedt.
Den amtéierenden Foussball-Europameeschter ass, zënter der leschter EURO 2004, Griicheland.
Déi nächst Foussball-Europameeschterschaft EURO 2008 gët an Éisträich an an der Schwäiz ausgedroen.
Dës Länner hun hir Kandidatur fir d’Ausdroen vun der EURO 2012 scho gestallt:
- Italien
- Polen an d’Ukraine
- Kroatien an Ungarn
- Aserbaidschan (ausgescheed)
- Griicheland (ausgescheed)
- Rumänien (ausgescheed)
- Russland (ausgescheed)
- Tierkei (ausgescheed)
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Turnéier an Europameeschter
Joer | Ausdroungs-Land | Finall | Spill ëm drëtt Plaz | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Europameeschter | Resultat | Zweet Plaz | Drëtt Plaz | Resultat | Véiert Plaz | ||||
1960 Detailer |
Frankräich | Sowjetunioun |
2:1 n.V. |
Jugoslawien |
Tschechoslowakei |
2:0 | Frankräich |
||
1964 Detailer |
Spuenien | Spuenien |
2:1 | Sowjetunion |
Ungarn |
3:1 n.V. |
Dänemark |
||
1968 Detailer |
Italien | Italien |
1:1 n.V. |
Jugoslawien |
England |
2:0 | Sowjetunioun |
||
Widerhuelungsmätch: 2:0 | |||||||||
1972 Detailer |
Belsch | BR Däitschland |
3:0 | Sowjetunioun |
Belsch |
2:1 | Ungarn |
||
1976 Detailer |
Jugoslawien | Tschechoslowakei |
2:2 n.V. |
BR Däitschland |
Holland |
3:2 n.V. |
Jugoslawien |
||
5:3 no Eelefmeterschéissen | |||||||||
1980 Detailer |
Italien | BR Däitschland |
2:1 | Belsch |
Tschechoslowakei |
1:1 | Italien |
||
9:8 no Eelefmeterschéissen | |||||||||
Joer | Ausdroungs-Land | Europameeschter | Resultat | Zweet Plaz | Halleffinalisten | ||||
1984 Detailer |
Frankräich | Frankräich |
2:0 | Spuenien |
Dänemark |
an | Portugal |
||
1988 Detailer |
BR Däitschland | Holland |
2:0 | Sowjetunioun |
Däitschland |
an | Italien |
||
1992 Detailer |
Schweden | Dänemark |
2:0 | Däitschland |
Holland |
an | Schweden |
||
1996 Detailer |
England | Däitschland |
2:1 n.GG. |
Tschechien |
England |
an | Frankräich |
||
2000 Detailer |
Belsch & Holland |
Frankräich |
2:1 n.GG. |
Italien |
Holland |
an | Portugal |
||
2004 Detailer |
Portugal | Griicheland |
1:0 | Portugal |
Tschechien |
an | Holland |
||
2008 Detailer |
Éisträich & d'Schwäiz |
||||||||
2012 Detailer |
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Frankräich 1960 | Spuenien 1964 | Italien 1968 | Belsch 1972 | Jugoslawien 1976 | Italien 1980 | Frankräich 1984 | Däitschland 1988 | Schweden 1992 | England 1996 | Holland a Belsch 2000 | Portugal 2004 | Éisträich a Schwäiz 2008 | 2012
Afrika - Asien – Europa – Nord- a Mëttelamerika - Ozeanien - Südamerika