Consenvoye
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | Frankräich |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Meuse |
Arrondissement: | Verdun |
Kanton: | Montfaucon-d'Argonne |
Awunner: | 286 (1999) |
Fläch: | 1.585 ha |
Geographesch Koordinaten: | 49° 17’ 16’’ N 05° 17’ 12’’ O |
Consenvoye ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Loutrengen.
Forges läit um rietsen Uwänner vun der Meuse a vum Canal de l'Est. Zu Consenvoye ass och eng Schleis vum Kanal.
D'Uertschaft déi net wäit vun de Fronten am Éischte Weltkrich war, gouf duerch Bombardementer schwéier beschiedegt, an nom Krich als Zone Rouge déclaréiert. Well awer d'Méiglechkeet bestoung fir de Buedem ze sanéieren, gouf alles an deem Sënn ënnerholl, an d'Terraine goufen net wéi op den anere Plazen an der Zone rouge mat Bëscher ugeplanzt. Fir der Landwirtschaft erëm op d'Spréng ze hëllefen, gouf eng industriell Schwéngsziichterei gebaut, déi éischt a ganz Frankräich.
Déi fréier Gare gouf komplett restauréiert an een Deel vun der Streck ass op, fir mat Pedalosdraisinnen driwwer ze fueren.
Zu Consenvoye gëtt et e Camping, deen zu engem groussen Deel vu Lëtzebuerger besat ass. D'Ursaach dofir ass, well d'Meuse op der Streck vu Consenvoye bis op Dun e beléiftent Fëschrevéier ass.
[Änneren] Nopeschgemengen
- Forges-sur-Meuse
- Brabant-sur-Meuse
- Sivry-sur-Meuse
- Dannevoux
- Gercourt-et-Drillancourt