Chronologie vun der Astronomie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Astronomie ass Kinnigin vun de Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt de Versuch gemach, fir d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze din hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn oft Thesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och dës Ideeën a Berechnunge festzehalen. Et mëcht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" eng ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge ginn stänneg aktualiséiert.